top of page

Energeetesch AURARengegung &
energeetesch Rengegung vu gÉIGESTäNN 

An dësem Workshop gëss de gewuer, wat eng energeetesch Aurarengegung ass a wat dat dir an dengem Alldag brénge kann. ​Du léiers wéis du mat verschidden einfache Methoden déng eegen Aura, souwéi d'Aura vun aner Leit energeetesch rengegen a nees positiv opluede kann. Du léiers och wéis du Géigestänn energeetesch rengegs a rëm opluets.  

Ech erklären a weisen dir déi wichteg Punkte bei enger Aurarengegung an du léiers vill verschidde Methoden (Räucherungen, Kraiderwëssen, ätheresch Ueleger, Klang asw.) wéis du deng Aura einfach awer effektiv energeetesch rengegs an opluets.

Du kriss eng schrëftlechen Ënnerlag an deier de doheem déi wichteg Punkten nach emol noliese kanns an e Protokoll an deem déi eenzel Etappen opgelëscht sinn. 

Dëse Workshop ass esou opgebaut, dass de mat einfachste Mëttele léiers an dat direkt ëmsetze kann. Et ass kee Virwëssen néideg, nëmmen en oppent Häerz an Interessi. 

Datum:  E neien Datum kennt.

Präis: 90 €

Wou? Beim Black Moon Werifesteria zu Esch/Uelzecht (genau Adresse bei der Umeldung).

 

Am klenge Grupp (Max. 6 Leit).

​Wat ass energeetesch Rengegung?


Energeetesch rengegen heescht ganz einfach Energien ze befreien, déi engem näischt bréngen. Dat kenne souwuel negativ Energië sinn déi een op enger Platz (am Supermarché, op der Aarbecht, am Wartesall) onbewosst opgesaugt huet a mat sech ronderëmschleeft, sou wéi och Energien déi mir selwer duerch eis Gedanken, Stress, Sträit generéiert hunn. Des Energien droe mir wéi Gewiichter an eisem eegenen Energiefeld ronderëm. Et ass wichteg, sech reegelméissech dovunner ze befreie, well nëmme sou, kenne mir Platz schafe fir Neies. Dobäi geet et net duer déi onerwënschten Energien ze rengegen, et ass och wichteg duerno mat positiven Energien dëse Fräiraum ze fëllen...  

​Fir wien ass dëse Workshop?

Dëse WS ass fir jiddereen, deen sech fir Energien interesséiert a wëll léieren, sech selwer energeetesch ennerstëtzen ze kennen an net méi en "Opfer" vun negativen Energien ze sinn. Zemols sensiebel Mënschen kennen dovunner profitéieren.

Des Praxis ass fir mech iwwerliewenswichteg ginn an dofir läit et mir sou um Häerzen, se mat dir ze deelen. 


Fir weider Froen, kanns du dech gären bei mir mellen.

Cynthia
 

Fir dech unzemellen, kontaktéier mech weg per Mail (blackmoon.lu@yahoo.com).

Deng Plaz ass garantéiert soubal se bezuelt ass - du kanns no denger Umellung mat Digicash, Iwwerweisung oder Paypal bezuelen.



Dëse Montant kann net op aaneren Worshop transféréiert ginn.

Dëse Montant kann net rembourséiert  ginn, ausser falls de Workshop ofgesot muss ginn.

50519939378_a62e30275d_k.jpg
DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page