top of page
53333135857_b1aa68f9df_o.jpg

Heelsame klangowend

Dësen Owend ass eng Auszäit aus dengem Alldag, déi dir erméiglecht an d'Rou ze kommen, dech mat dir ze verbannen an dir eppes Guddes ze doen. Dobäi hëlleft dir de Klang, dee perfekt ass, fir aus dem Denken erauszeklammen an direkt an de Kontakt mam Kierper, also d'Fillen, ze kommen. 

An desem éischten Klangowend verbanne mir eis mat der Séil vun der Rous, déi eis fir desen gemeinsamen Owend begleed an ennerstetzt. D'Opmierksamkeet vun desem Owend geet op déi enneschten Chakren an domatt sinn d'Haaptthemen vum Owend:

- déi aktuell Zäitqualitéit laut dem Joreskrees a wéi een an deser Zäit beschtens fir sech suergen kann,
- eis Wuerzelen,
- d'Äerdung an
- de Kontakt zu eisem hellegen Schoussraum.


Dëse Klangowend beinhaltet ënnert anerem eng guidéiert Meditatioun an Klangheelung, déi als Ziel hunn:

- déng Chakren ze aktivéieren, fir dass déng Energie gudd duerch dech an deng Aura fléissen kann,
- dech energeetesch ze rerengen, komplett ze äerden an energeetesch positiv opzelueden, sou dass du gestäerkt bass fir déi kommend Zäit,
- de Kontakt zu dir an déngem Schoussraum hierzestellen,
- fir eng déif Entspaanung ze suergen.


Duerch d'Intensivitéit vun der Aarbescht fir de Soin mam Klang kann ech Maximum 4 Leit unhuelen.

Wéinst der Thematik vun dësem Klangowend ass dësen spezifeschen Owend just fir Fraen. ​Et sinn all Frae wëllkomm, déi oppe fir Heelung sinn, och wann deng Gebärmutter net méi an dengem Kierper "wunnt".

Dese Soin ass leider net fir dech falls du schwanger bass, Epileptiker bass oder e Pace maker hues. 












Fir weider Froen, kanns du dech ganz gäeren bei mir mellen.

Alles Léiwes



Cynthia

E neien Datum fir eng Gruppenerfahrung kennt.

Du hues och d'Méiglechkeet eng Eenzelerfahrung bei mir ze buchen.

Wisou Klangheelung? 

 

Säit Urzäiten benotzt de Mënsch déi heelend Kräfte vun zeremonielle Klanginstrumenter wéi Gong, Klangschuel, Trommel asw. D'Ur-Kläng spriechen ons Séil un. Mat de Schwéngungen a Klangwellen déi entstinn, geet eise Kierper, deen zu engem groussen Deel aus Waasser besteet, a Resonanz. 

 

Des Klangwellen kennen emotionell Verspanungen a Blockade léisen, den Immunsystem ukuerbelen, Gläichgewiicht an déif Entspanung bréngen, de Selbstheelungsprozess aktivéieren an d'Perséinlechkeetsenwécklung ënnerstëtzen. Nom Soin berouegen sech d'Emotiounen an de Geescht ass kloer. Des Schwéngungen hunn nach Stonnen no der Behandlung eng positiv Wierkung op de Kierper.  



De Soin mat de Klangschuelen ersetzt kengesfalls de Besuch beim Dokter. 

Fir dech unzemellen, kontaktéier mech weg per Mail (info@blackmoonlux.com).

Deng Plaz ass garantéiert soubal se bezuelt ass - du kanns no denger Umellung mat Digicash, Iwwerweisung oder Paypal bezuelen.

Dëse Montant kann net op aaneren Worshop transféréiert ginn.

Dëse Montant kann net rembourséiert  ginn, ausser falls de Workshop ofgesot muss ginn.

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page