top of page

Verbindung zur Natur - de Wee zréck zu Dir...


​De Mënsch ass en integralen Deel vun der Natur an domat erlaabt eng bewosst Verbindung mat der Natur net nëmmen am Moment ze sinn, sech ze verankeren, ze rengegen, opzelueden, Gedanken lass ze loossen, mee och eng déif Verbindung mat senger eegener Séil .

D'Verbindung mat der Natur ass en Zréckkommen a säin eegene Kär. 

Mäin Häerzenswonsch ass, datt ëmmer méi Leit sech un dës Verbindung erënneren a nei léieren, wéi se duerch d'Natur un d'Quell vun hirer eegener Séil zréckkommen an als direkt Resultat datt eis Äerd den hellegen Aspekt, de Respekt an d'Léift kritt, déi se verdéngt.

An dësem Workshop léiers du, wéis du eng méi déif a bewosst Verbindung zur Natur kanns schafen a wéi dat dech op dengem Wee weiderbrénge kann. Dëst kann e wichtegt Instrument souwuel an dengem Wuelbefannen wéi och op denger Rees vun denger Selbstentdeckung sinn.

Wéineg Theorie, ganz vill Praxis mat einfachen Exercicer déi s du an Zukunft eleng weiderféiere kanns.
​​



​​





Bei Interessi oder fir weider Froen, kanns du dech gären bei mir mellen.



Cynthia

E neien Datum fir eng Gruppenerfahrung kennt geschwenn...

Du hues och d'Méiglechkeet, eng Eenzelerfahrung ze buchen. Sou kenne mir eis ganz gezielt an dengem Tempo op d'Natur aloossen.

Ausglaich: 85 € fir 1,5 Stonn.

Deng Plaz ass garantéiert soubal se bezuelt ass - du kanns no denger Umellung mat Digicash, Iwwerweisung oder Paypal bezuelen.

Dëse Montant kann net rembourséiert ausser falls de Workshop ofgesot muss ginn.

D'Leit si gebieden sech wiedergerecht unzedoen.

Ee grousse Merci un d'Cynthia fir de Workshop.

Ech wosst net genau waat mech géing erwaarden am Bësch an ech duerft fir mech eng nei Welt vu Méiglechkeete an Praktiken entdecken, déi einfach emsetzbar sinn an mai Liewen em souvill verbessert hunn.

Susan

Ech war schon emmer e Frënn vun der Natur an de Bäm, déi Persoun déi gär d'Bäm léift dréckt. An no dësem Atelier hat ech d'Gefill nach méi mat der Natur verbonnen ze sinn. Ech hunn esou vill bäigeléiert. Mir vergiessen ganz oft dass Natur eis sou vill gëtt an emmer do ass fir eis an du hues mech rëm drun erënnert dankbar dofir ze sinn. 

 

Merci dir! 

Et gesäit een dass du dat mat Häerz a Séi mëss an dat huet mech immens beréiert. Ech freeë mech schon op den nächsten Atelier mat dir💚✨️ 

Tamara

Léift Cynthia et wuar fir  mech en ganz besonneschen Moment wou ech sou nach nie erliewt hun ♥️ Ech hun mech immens op den Workshop gefreet an woust net waat op mech geif zou kommen, fir mech en onvergiesslechen Moment 🙏 Villmolls Merci dofir ♥️

Sonja

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page