top of page
53181886591_66972208ae_o.jpg

introduktioun: schamanesch rees

​Dese Workshop ass eng Introduktioun an d'Welt vun der schamanescher Rees an riicht sech un déi Leit déi bis elo keng Erfarung an dësem Beräich hunn.

- ech erklären dir d'Prinzippien vun der schamanescher Rees ;

- am Schutz an gedroen vum hellege Raum guidéieren ech dech mat menger Trommel duerch deng éischt schamanesch Reesen ;

- du léiers däi Totem Déier kennen an gëss gewuer wéis de mat em schaffen kanns ; 

- du weess no dësem Workshop wéis du des Praxis fir dech am private Kader notzen kanns.

Du brauchs keng Virkenntnisser an dësem Beräich fir un dësem Krees deelzehuelen, just Interessi, en oppent Häerz an Oppenheet, eng nei Erfarung wëllen ze maachen. 















Fir weider Froen, kanns du dech gären bei mir mellen.



Cynthia

E neien Datum fir eng Gruppenerfahrung kennt.

Du hues och d'Méiglechkeet des schamanesch Introduktioun als Eenzelerfahrung ze buchen. Sou kenne mir eis speziefesch an dengem Rythmus op dech aloossen.

Ausglaich: 85 € fir 1,5 Stonn.

Bei Interessi, schreif mech gären un.

Wat ass eng schamanesch Rees? 

D'schamanesch Rees ass e wichtegt Ritual am Schamanismus. Et handelt sech dobäi em eng spirituell Praxis, eng Rees an sech selwer an ass ze vergläichen mat enger Dramrees.


Wat ass en Totem Déier? 

Den Totem ass e Geeschtwiesen an Déiregestallt an ass däi perséinlechen Weebegleeder a Beschützer.  All Totem Déier huet ganz spezifesch Eegenschaften an ass mam Mënsch senger Perséinlechkeet verbonnen. Domat mécht en méi wéi just begleeden, en ënnerstëtzt an ass e Spigel fir däin eegent Wiesen.

Fir dech unzemellen, kontaktéier mech weg per Mail (info@blackmoonlux.com).

Deng Plaz ass garantéiert soubal se bezuelt ass - du kanns no denger Umellung mat Digicash, Iwwerweisung oder Paypal bezuelen.

​Dëse Montant kann net op aaneren Worshop transféréiert ginn.

Dëse Montant kann net rembourséiert  ginn, ausser falls de Workshop ofgesot muss ginn.

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page