top of page

An d'Rou kommen?



Scho zanter Deeg denken ech drun e puer Zeilen ze schreiwen, mee d’Wieder si net sou gefloss, wéi ech et gewinnt sinn. An dann zack… sinn ech mol nach net aus dem Bett an a mäin neien Dag ageschratt, dass d’Sätz ufänken a mäi Kapp ze fléissen… Den Oktober ass nach net eriwwer, an awer eng Woch virun Samhain spieren ech wéi mer lo sou lues awer sécher an eng aner Energie antrieden.


Eng Woch fir mech drun ze erënneren, dass mer lo an déi däischter, méi roueg Zäit vum Joer iwwerschreiden. Fir mer bewosst ze ginn, dass ech och lo dierf an d’Rou kommen. Den Ufank vum Hierscht huet eis dëst Joer nach vill schéi sonneg a waarm Momenter bruet, an dofir sinn ech immens dankbar. Vill Momenter konnt ech nach d’Natur genéissen an et war nach laang eng gewëssen Liichtegkeet - déi ech perséinlech mam Summer verbannen - an der Loft. Zanter puer Deeg huet d’Wieder sech verännert: et ass däitlech manner waarm ginn, dofir méi naass an et spiert ee fërmlech, wéi kuerz d’Deeg gi sinn. Dëst dierft dann nom Verréckele vun der Zäit de WE definitiv fir jiddereen däitlech ginn. Gläichzäiteg hunn ech wouer geholl, wéi sech eng nei Energie awebt. De Bësch verwandelt sech: de Buedem, deen ech a menge buerféiss Äerdungs Momenter däitlech spieren, gëtt ëmmer méi kal, de Bësch gëtt roueg, villen Eechele sinn ech op mengem Wee begéint a mëttlerweil fänkt de Bësch un, en Teppech ze kréien. D’Beem weisen eis wéi schéin et ass, lasszeloossen. An sou wéi mir elo endgülteg d’Liichtegkeet vum Summer lassgelooss hunn, dierfe mir eis d’Fro stellen, wat mir nach alles virun der nächster Etapp wëllen lassloossen.


An dësem Sënn ass mäi Summergezei des Woch ewechgeraumt ginn a meng déck Pulloveren hunn dierfen hier Platz kréien. Am feinstofflechen gëtt et natierlech nach méi interessant elo Bilan ze zéie vun deem wat ech well lassloossen. Dëst Joer war fir mech perséinlech ganz speziell. Ech hunn dat Gefill, dass ech ganz vill Undeeler vu mir, déi ech aus den Ae verluer hat, net méi gespuert hunn oder souguer jorelaang wechgestouss hat, hunn dierfe reintegréieren. Ech hunn dierfe verstoen, dass ech e Mënsch mat Extremer sinn an dass ech mech net just fir eng vu menge Säite muss entscheeden, mee dass ech e perfekten onperfekten Mënsch si wann ech all meng Facettë liewen. Dëst koum all Mount an enger anerer Form an ech sinn – obwuel et oft net einfach war – dankbar fir déi Lektioun. Dëst a gréisster Demut well ech mer bewosst sinn, dass d’Joer net fäerdeg ass an nach bestëmmt déi eng oder aner wichteg Lektioun op mech waart. Richteg integréiere kann een awer nëmmen, wann een ëmmer rëm Platz mécht an dofir ass et wichteg ëmmer rëm Bilan ze zéien a rauszegeheien, wat net méi passt. Dofir wäert ech déi nächst Deeg ganz stëll ginn a mäi perséinlechen Inventaire zéien. Well d’Energie net méi perfekt dofir kéint si wéi elo, leeën ech dir et och un d’Häerz.


Den Iwwergang an déi däischter Zäit ass en Iwwergang, deen ech dëst Joer sou bewosst wéi nach ni well goen. Dat ass eppes op dat ech scho laang schaffen, well ech mech laang Joren virdru gestrieft hunn. Zanter dem Summer war ech mer bewosst, dass ech dësem Iwwergang dee Raum wéilt loossen, deen e bräicht. Wéi ëmmer wann ech mer sou Saache virhuelen, mëscht d’Liewen sech a fir ze kucken, op ech et wierklech eescht mengen. Sou ass et kee Wonner, dass ech des läscht an och nächst Deeg, alles dohinnergeklaakt krut, wat meng komplett Opmierksamkeet kéint vu mer rappen. Dëst ass e léiwe Reminder u mech an deem ganze Wierbel vum Liewen, mäi stëlle Punkt an der Mëtt net aus den Aen ze verléieren. Vläicht passt dësen Impuls och grad fir dech?


All Joers hunn ech dat Gefill, dass wann de Moment kennt wou d’Natur an d’Rou kennt a mir Mënschen an deem natierleche Rhythmus dat genau d’selwecht missten applizéieren, genau de Géigendeel geschitt. Mir wëssen alleguerte wat déi läscht Joren ab September – Oktober fir en Drock op d’Leit ausgeüübt ginn ass, a spéitstens am November – Dezember, wann een eigentlech am absolutte Stëllstand sollt ukomm sinn, flippt gefillt d’ganz Welt aus fir sech op de Chrëschtdaagswahn virzebereeden, bei 700 Ofschloss- a Chrëschtfeieren zesummen ze kommen a nach virum Joresofschloss seng Projet'en an Dossieren ofzeschléissen. All Joers kommen ech mer mat menger Pancarte „an d’Rou kommen“ zimmlech eleng fir. Dëst Joer hunn ech mech entscheet, keng Pancarte ze weisen, kee Fändel ze weeden. Ech konzentréiere mech eleng an eenzeg op mech a probéieren, sou gutt et geet, am Stuerm vum Liewen des Rou a mir selwer ze fannen – ëmmer rëm – se ze kultivéieren, ze feieren, ze liewen…


An du ?

Mots-clés :

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

​

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

​

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.​

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

​

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

​

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

​

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page