top of page

D'Hexewonn a wéi se bis haut an eiser Gesellschaft matschwéngt




Dass ech iergendwann iwwerhaapt fäeg wär mat 17 aner Fraen an engem Krees ze setzen, dat hätt ech selwer laang net fir méiglech gehalen. E grousse Grupp Fraen hat ëmmer eppes bedroleches fir mech. An ech weess dass ech domat net eleng stinn...


Iergendwann hunn ech ugefaangen, mech fir déi weiblech Themen ze interesséieren an et huet net laang gedauert, bis ech op d'Thema vun der Hexewonn gestouss sinn. D'Hexewonn ass e Symbol fir de Leed (aka d'Wonnen) déi d'Fraen iwwert Joerhonnerten hu misse verspieren. Wärend enger Periode vun iwwert 300 Joer wou am 15. Joerhonnert ugefaangen huet, konnt ee fir zimmlech alles wéinst Hexerei ugeklot ginn. Wat doraus resultéiert ass, wëssen déi meescht... Et ass verbuede ginn, dass Fraen zesummekommen, ënnert dem Virwand dass nëmmen Hexen zesummekommen, fir béis Hexerei ze dreiwen. Domat ass net nëmmen de Fraen hier Kraaft geholl ginn, mee et ass leider dozou komm, dass d'Fraen sech géigesäiteg net méi Vertraue konnten. D'Frae si reegelrecht géinteneen opgehetzt ginn, hunn sech géigesäiteg denunzéiert, fir hier eegen Haut ze retten. Sou si Fraekreesser, déi dausende vu Joer d'Fraekraaft verbonnen hunn ausernee gesprengt ginn. Wéi een Hannergeschmaach dat bis haut hannerlooss huet, ka jidderee sech vläit virstellen.





D'Hexeverbrennungen eleng hunn déifgräifend emotional a psychesch Tracen hannerlooss déi bis haut eng Wierkung op eis ganz Gesellschaft a ganz besonnesch d'Fraen hunn, speziell op eis Bezéiung zu eiser eegener Kraaft a Weiblechkeet, souwéi och zu aner Fraen.


Sou ass et keng Ausnam, dass Fraen hier Spiritualitéit spieren, mee se komplett ënnerdrécken oder fir sech behalen, sech net trauen iwwert hier spirituell Praxis ze schwätzen, well se fäerten aus der Gesellschaft ausgeschloss oder souguer fir Verréckt erkläert ze ginn. An wéi gesot och d'Mësstraue vis-à-vis zu aner Fraen ass eng kloer Konsequenz vun dëser Zäit.


De ganzen Trauma a Fraefeindlechkeet ronderëm des däischter Zäit ass bis haut sou fest an eiser Gesellschaft ageweebt, dass mir et mol net méi erkennen. Eis modern Welt ass op des systematesch Persecutioun, Kontroll a net Eescht huele vun de Fraen opgebaut ginn. Als Resultat hu vill Fraen leider vergiess wéivill Muecht se an sech droen.


Et ass e wonnerbare Cadeau, sech bewosst ze ginn, wou des Wonne fir ee selwer haut nach Impakt hunn a geziilt, dorunner ze schaffen des ze heelen. Fir mech war dat e ganz laange Prozess, sou hunn ech ganz laang a mengem Eck meng Saache gepiddelt ouni jee e Wuert doriwwer ze zielen aus Angscht, wat anerer dovunner géifen halen. Wann een un d'Hexeverbrennungen zréckdenkt, da geet dat Gefill vun aner Leit verurteelt ze ginn, richteg déif...


Déi läscht 2 Joer hunn fläisseg un dese Wonne geschafft a sinn ech ëmmer rëm ganz bewosst a Fraekreesser gaangen. Wa Fraen zesummekommen an sech ouni Maske weisen, sech hirer eegener Kraaft bewosst ginn an erkennen, dass mir alleguer änlech Themen a Geschichte mat eis duerch d'Liewen droen, dat ass eppes Heelsames op souvill verschidden Ebenen.


Wéi hat ech eemol gelies, an zanter deem begleet mech dee Sproch am Alldag: "Wa Fraen zesummekommen, heelen si net nëmmen sech, mee och déi ganz Welt ronderëm sech." 


Merci u meng Schwesteren Lynn an Anja, fir hier Léift, hiert oppen Ouer, hier Kraaft an och hiert Vertrauen, dass ech des Fotoen hun dierfte maachen.


Sisterhood

Abrëll 2024

Éisträich




DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

​

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

​

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.​

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

​

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

​

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

​

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page