top of page

D’Doftveilchen (Viola odorata)

All Fréijoer begéinen ech dësem zaarte Wiese voller Virfreed. Wéi bei all Fréijoerskraut bewonneren ech dem Veilchen seng perfekt Balance tëscht  Douceheet a Stäerkt. D’Bléie si sametteg a ganz zaart an allgemeng wierkt des Blumm zimmlech zerbriechlech. Dach besetzt si d’Stäerkt, rsp. fënnt de Courage, sech den heiansdo stramme Wiederkonditioune vum Fréijoer ze stellen a schmückt de nach plakege Bësch mat hire schéine Faarwen.


D’Doftveilchen (Viola odorata) ass eng heemesch Doftplanz aus Mëtteleuropa an ee vun eise Fréijoersboten, dh. si weist sech scho ganz fréi am Fréijoer, wann nach net villes blitt. Hieren Doft ass onverkennbar a ganz beléift an dofir gëtt d’Veilchen an der Hierstellung vu Parfum sou wéi och fir kulinaresch Zwecker agesat an zu Téi, Likör, Esseg asw. verschafft. Déi kandéiert Veilercher (Violettes de Toulouse) ginn et schonn zanter ronn 200 Joer a gi sou vernascht oder sinn als Decoratioun op Dessert a Knippercher rëmzefannen.


movt Doftveilchen

D’Doftveilchen gehéiert zur Famill vun de Veilchengewächse (Violaceae), si ass also (ënnert anerem) mat de Stiefmütterchen Famille.


Si eleng op hiren Doft a Goût ze reduzéieren, wär net gerecht, well si ass zanter der Antik och als Heelplanz bekannt. Meeschtens gëtt se als Téi agesat an dat souwuel ënnerlech wéi äusserlech.


Ënnerlech kann de Veilchentéi bei Kappwéi gedronk ginn, d’Veilercher enthale Salicylseier – e Wierkstoff deen entzündungshemmend, péngstëllend a féiwersenkend ass.


Den Téi soll awer och eng berouegend Wierkung hunn a ka bei Schlofproblemer, sou wéi bei Nervositéit agesat ginn.


D’Planz huet awer och schlaimléisend Inhaltsstoffer, woufir den Téi also och gäre bei grippalen Infekten a Reizungen am Hals hëlleft. Do kann d’Veilchen och allerdéngs als Sirop ugewend ginn.


Äusserlech léisst sech den Téi och bei Hautentzündungen uwenden.



wäisst Doftveilchen

Zur feinstofflecher Wierkung vun dëser Planz kann ee soen dass si sou wéi all mof Blumm, e Symbol fir Transformatioun ass.


Ech hunn et scho gesot, si wierkt ganz kleng a zaart an huet bal eppes zebriechleches un sech. An awer ass si ganz grouss an huet eng staark Aura a spendet Stäerkt. Et mécht also Sënn sech mat hier ze verbanne wann een sech grad lo, nom laange Wanter net sou staark spiert. Donieft kann si och Trouscht spenden. Si wierkt allgemeng berouegend an heelend a kann een dobäi ënnerstëtze, Gefiller ze verschaffen.


Si ass eng guttmiddeg Heelerin, déi der kann hëllefe rëm an d'Vertrauen ze kommen. 


Ze verwiesselen ass d'Doftveilchen mam Hunds-Veilchen (Viola canina), wou identesch ausgesäit, awer problemlos um feelenden Doft ze erkennen ass.



DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

​

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

​

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.​

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

​

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

​

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

​

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page