top of page

DE BÄIFOUSS - ARTEMISIA

De Bäifouss - Artemisia vulgaris ass eent vu mengen absolutte Liblings Wëllkraider. Hei handelt et sech em eng Planz déi gären ënnerschat rsp. leider oft iwwersinn oder souguer als Onkraut ofgestempelt gëtt. Dobäi ass et eng vun eisen hellegsten Planzen déi mir an eise Géigenden hunn.


En ass Famill mam artemisia annua, dem eejärege Bäifouss aus Asien, deen en héische Stellewäert an der chineesescher Medezin huet. An der selwechter Gattung kennt een och nach de Wermut - artemisia absinthium, wou dem Spirituos „Absinth“ säi Numm vermaach huet an den Estragon - artemisia dracunculus, wou déi meescht aus der Kichen kennen. Sinn dat déi bekanntste Vetrieder vun dëser Gattung, muss een wëssen, dass des awer iwwert 300 Aarten weltwäit ëmfaasst.


Onse Bäifouss fënnt ee ganz gären u Feld- a Weeränner, an de Wisen an um Beschrand. E kann heiansdo richteg héisch ginn an ass da bal net z’iwwersinn. An d’Bléi kennt en am Juni/Juli an gëtt traditionell em d’Summersonnewend gesammelt. Ech hu mir et zur fester Gewunnecht gemaach de Bäifouss, deen ech fir d’Raunuechten well räucheren am Juli Vollmound ze plécken. Dat ass fir mech ee vun de mageschste Momenter am Joër, wou ech mech verbonne fillen mam Mound, mat der Natur a mat alle Kraiderfraen déi viru mir a mat mir déi selwecht Gewunnecht fleegen.



Seng Verbindung zur Moundgëttin Artemis an der Weiblechkeet


De Bäifouss huet eng déif Verbindung mam Mound, an doduerch och mat der Weiblechkeet. D’Ënnersäit vu senge Blieder sinn wäiss-sëlwereg schimmernd an erënnert domat un d' Luucht vum Mound.


Eng weider Verbindung mam Mound kennt duerch säi Numm, deen vun der griichescher Gëttin Artemis ofgeleet gëtt. D’Artemis, dat Schéint, war déi bedeitendst Gëttin aus der Antik, a stoung fir d’Luucht – besonnesch déi vum Mound. Si war ënnert anerem eng Beschützerin vun der wëller Natur, dem hellege Schoussraum an de Fraen. De Bäifouss gëllt bis haut als Kraut vun de Gëttinnen a soll nieft der griichescher Artemis och mat der réimescher Diana an der ägyptescher Isis verbonnen sinn.


Sou mécht et Sënn, dass si zu de wichtege Fraekraider gehéiert. Si ass fréier ganz gären bei Entzündungen vun der Gebärmutter sou wéi vun den Harnweer agesat ginn. Si kann bei Ennerleifschmärzen wärend der Reegel hëllefen an gëtt och benotzt fir d’Reegel ze reguléieren (zum Beispill no enger hormoneller Behandlung). Si reegt d’Wéien bei der Gebuert un an hëlleft bei der Nogebuert, dofir haten d’Hiefammen des Planz ëmmer dobäi. Och am Wochebett war de Bäifouss beléift. Allerdéngs bleift drop hinzeweisen, dass een wärend der Schwangerschaft net dorop zréckgräife soll – zum falschen Zäitpunkt ugewend kann dësen nämlech eng Fréi- oder Feelgebuert ausléisen.



Allgemeng Heeleegenschaften


An der Heelkräuterkunde ass des Planz virun allem fir hier positiv Wierkung op d‘Verdauung bekannt. Si reegt d’Gaalefunktioun un an och den Mo an den Daarm profitéieren dovunner. Se gëllt als appetitureegend an verdauungsfördernd. Dofir gouff se ganz gären an der Zäit bei fettegen Speisen als Gewürz derbäigemaach.


Se ass pilz- a keimhemmend, stemmungsophellend, entspaanend an duerchbluddungsfuerdernd.


Dëst Heelkraut huet eng wiermend thermesch Wierkung sou kann een, wann een zu kaale Féiss neigt, seng Féiss wonnerbar mat Bäifoussueleg areiwen. Des wiermend Funktioun ass och wonnerbar fir den Ënnerleif, wann een zB. kal ginn ass, well een net waarm genuch ugedoen war an een sou eng Blosenentzündung well vermeiden. Do kann een mat Téi, Tinktur oder engem Sitzbad schaffen.


D’Planz gëtt wéinst dëser Wierkung och als Moxakraut benotzt, dëst ass eng Technik aus der Traditioneller Chinesescher Medizin, wou dat gedreschtent Material vun der Planz zu enger „Moxa Zigar“ verschafft gett an ënnert d’Akupunkturpunkten gehalen gett.



Magesch Eegenschaften


De Bäifouss ass eng vun eisen eelsten magesche Planzen a gehéiert zu de Johanniskraider. Dësen gëtt all eng magesch Wierkung zougeschriwwen.


Se gouf als Schutzplanz verwennt, géint Blëtzer, Feier, Hexen, Albdreem, de béise Bléck, an alles nach sou Béises wou sech de Mënsch konnt virstellen.


Fir d’Mëttsummerfest ass e Rimm aus Bäifouss geflecht ginn, wou een gedroen huet an zum Schluss an dat grousst Sonnewendfeier geheit huet. Domat sollten all déi negativ Aflëss verbrannt ginn.


En ale Sproch seet "Wien Bäifouss am Haus huet, deem kann den Däiwel näischt undinn".


Am Altertum war se feste Bestanddeel vun all Liebeszauber. Dofir ass de Bäifouss geräuchert ginn, wat eng euphoresch stimuléierend Wierkung hat.


D‘Kelten an d’Germanen hun des Planz net just fir hier Heelwierkungen kannt, mee se war eng vun hiere wichtegsten hellegen Planzen, déi an hieren kulteschen Zeremonien eng grouss Roll gespillt hun. Souguer den Donnergott Thor soll e Bäifoussrimm gedroen hun, fir seng Kräften ze vertäerken. Déi keltesch Druiden sollen des Planz fir Orakelräucherungen benotzt hun, well dest d’Intuitioun an d’Hellsiicht stäerkt.

Allgemeng kann een soen dass de Bäifouss eng vun de wichtegsten Ritualplanzen vun der Welt ass. Keen Heeler an och kee Schaman vun der Nordhallefkugel hätt drop wéilten verzichten.



Bis haut gëllt de Bäifouss an der Räuchermeschung als déif rengegend a wierksame Schutz géint all negativ Energien a gett dofir bei Schutz- a Rengegunsgäucherungen agesat. E bitt net nëmmen Schutz géint Geeschter an negativ Energien, mee kann och bei Stëmmungsschwankungen a liichten Depressiounen Hëllef spenden andeems e negativ Gefiller wéi zB Ängschte opléist.


Dat eleng ass scho ganz vill, mee dobäi kann e nach vill méi:


- Mëscht een de Bäifouss mat berouegende Kraider wéi zB. Baldrian oder Melisse, suergt des Mëschung fir Entspanung, Berouegung an erhuelsame Schlof.

- Duerch seng déif Verbindung zur Weiblechkeet kann e fir Fruuchtbarkeetsritualer ugewend ginn.

- Duerch seng Kraaft, alles zum Fléissen ze bréngen, kann e bei Iwwergangsritualer benotzt ginn. En ënnerstëtzt a Situatiounen wou eng Entscheedung muss geholl ginn. An deem Sënn kann en och bei Lassloossritualer (zb bei Trauer oder Verloscht) hëllefen.

- Ënnert dem Këssen e klenge Putsch Bäifouss hëlleft gesond a lucid ze dreemen.

- Als Amulett gedroen ass et en zouverlässege Schutz.


Wien elo nach gleeft, dass de Bäifouss en Onkraut ass, deem kann ech net hëllefen ;-)


Op deser Plaatz och nach e grousse MERCI un d'Susan, wat fir des Serie Model stoung an och un d'Magali fir dee wonnerschéine Makeup. D'Fotoen sinn, wéi emmer vu mir gemaach a verschafft.


Cynthia






DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

​

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

​

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.​

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

​

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

​

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

​

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page