top of page

den Hierschtmound: zeréck an d'Wuerzelen


Ech weess net wéi et iech geet, mee ech ka mech erënneren, dass ech zanter jéngster Kandheet mam Mound verbonne sinn. Dat huet sech bis haut net geännert, keen Dag vergeet ouni dass ech am Himmel no em sichen. Ech weess dass ech domat net eleng sinn: de Mound a seng Phasen faszinéiert d'Mënschen zanter ëmmer, oder op mannst verschidde Mënschen.

Wat sécher ass, obwuel en ongeféier 400.000 Kilometer vun eis ewech ass, huet de Mound eng Wierkung op eis Natur an eise Planéit. E wierkt wéi e Magnéit, d'Äerd an de Mound zéien sech nämlech géigesäiteg un an duerch des Unzéiungskraaft zitt en d'Waasser vun der Äerd un an ewech, wat dann eng Rëtsch vun Auswierkungen mat sech bréngt, ënner anerem Ebbe a Flut.

Ween sech als Fra scho méi genee mat sengem Zyklus auserneegesat huet, kennt déi déif Verbindung vun Fraen- a Moundzyklus, doriwwer schreiwen ech ganz gären eemol méi ausféierlech.

Och op d'Déieren a Planzewelt huet dëst natierlech säin Afloss. Bei de Planzen ass et esou, dass d'Waasser duerch d'Moundzyklen vun de Blieder a Bléien ëmmer rëm an d'Wuerzelen wandert, an da rëm zréck. Bei Vollmound ass de gréissten Deel vum Waasser, an och domat déi gréissten Energie vun der Planz an de Blieder an an de Bléien. Bei Neiliicht ass dës dann an de Wuerzelen.

An de leschte Méint an deenen vill Kraider gesammelt gi sinn an dobäi halt Blieder a Bléien am Viergrond stoungen, war also haaptsächlech de Vollmound vun grousser Bedeitung. Den Hierscht Equinox bréngt allerdéngs e Wiessel an dat Ganzt, ab deem Moment zitt sech déi ganz Energie vun der Planz lues awer sécher an d'Wuerzelen zréck, fir sech op de Wanter ze preparéieren. Natierlech fënnt een lo nach Kraider, wéi zum Beispill d'Brennnessel, déi nom Reen vun de leschten Deeg richteg spréisst, mee allgemeng fänken d'Kraider un elo, mat den ofhuelende Dagesstonnen an de wéinege Sonnestonnen un Kraaft ze verléieren. D'Kraiderfraen (a Männer) konzentréieren sech ab dem Hierscht op d'Wuerzelen. Dofir geet elo déi ganz Opmierksamkeet op d'Neiliicht, well een da weess, dass dësen all d'Viraussetzungen mat sech bréngt fir staark an potent Wuerzelen ze sammelen.

Den éischten Neiliicht am Hierscht - deen haut stattfënnt - markéiert also e Wiessel an der Energie a gëtt och dofir bei de Kraiderkënnegen de Wuerzelmound genannt.

Ech kann et net anescht, wéi nach emol drop hinzeweisen, dass dat natierlech och eng Wierkung op eis Energie als Mënsch huet. Egal wéi skeptesch een ass, wann de Mound dëst bei de Planzen bewierkt, kann et eis Mënschen déi zu 60-80% Waasser bestinn, net komplett kal loossen. Ech hunn et am Post iwwert Mabon scho geschriwwen, mir sinn elo an enger Transitiounsphas wou eis Energie vun der Oflenkung (baussen) an d'Rou (bannen) geet. An genee dëst gëtt elo vum Mound nach emol ënnerstrach.

De Mound erënnert eis, eis mat eisen Wuerzelen ze verbannen. Dëst ass den Ufank vun enger Energie déi mat Samhain (den 31.10) säin Héichpunkt fënnt.

Froen déi kéinten opkommen rsp. een sech dierf stellen, sinn:


Wou si meng Wuerzelen?


Natierlech kann een daat familiär interpretéieren, dh. meng Verbindung zu mengen Anen an hirer Kultur an awer och méi allgemeng dat wat een staark mécht, een niert.


Ween sinn ech wierklech? Wat mecht mech aus?


Hei geet et natierlech net em dain Auto oder deng nei Posch, mee em den déiwe Kär.


Et ka sinn, dass Erënnerungen aus der Kandheet héischkommen. Dat kann natierlech och bewierken, dass Gefiller mat héisch kommen.

Mir sinn oft sou beschäftegt, ze kucken wéi schéin eis Blieder a wéi stralend eis Bléien sinn, dass mir vergiessen, wéi wichteg staark Wuerzelen sinn. Ouni dës kenne mir awer eis Bléihen net droen a knécken bei der éischter Loft em. Et ass elo de Moment, sech rëm dorun ze erënneren an déi nächsten Wochen rëm no eise Wuerzelen ze kucken.


Ech wënschen e gudde Start an déi nei Woch,

Staark verwuerzelt Gréiss,


Cynthia


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page