top of page

Zréck an d'Wuerzelen - duerch Äerdung


Vläicht huet scho deen een oder aneren vun „Grounding“ oder „Earthing“ héieren, mee wat ass dat genau? Äerdung ass ganz einfach gesot eng Technik, mat déier een sech mat der Äerd an domat och mat der Energie vun der Äerd verbannen kann.


De Kontakt zur Äerd – virun ville Joer – wou d’Leit nach an Harmonie mat der Natur gelieft hunn, war eemol selbstverständlech an huet zur Normalitéit gezielt. Haut wou d’Leit an zoubetonéierte Stied liewen, Schong mat Plastikssuelen oder Talleken unhunn an och allgemeng ëmmer manner Zäit an der Natur verbréngen, ass dëse Kontakt ëmmer manner present ginn. Dobäi ginn et ganz vill Grënn wisou en Kontakt zur Natur gutt fir ee ka sinn a seng geeschtlech souwéi kierperlech Gesondheet ënnerstëtzen kann.



Wéi funktionnéiert Äerdung?


Wann een e direkten physeschen Kontakt mat der Äerduewerfläsch huet, entsteet e Luedungsaustausch mat dëser, déi erméiglecht, dass d’Elektronen fléissen. Sou wéi onse Kierper, huet och d’Äerd en elektreschen System. D’Äerduewerfläsch huet en elektrostatescht Feld bestoend aus enger negativer Luedung.


Dëse Kontakt erméiglecht eis, positiv gelueden Elektronen (déi am Kierper zu Entzündungen féieren) aus dem Kierper ze zéien an negativ gelueden Elektronen aus der Äerd opzehuelen. Dëst huet eng direkt Wierkung op eise Kierper.



Wéi eng Wierkung kann Äerdung op eisen Kierper hunn?


Et ginn ëmmer méi Studien, déi beweisen, dass Äerdung a villen Hisiichten en positiven Afloss op eis Gesondheet huet.

Sou gëtt bericht, dass Äerdung en Wierkung huet op/bei

  • Wundheilung

  • Entzündungen a chronesch Entzündungen am Kierper,

  • Middegkeet, Angschtzoustänn an Depressioun,

  • Schlofstéierungen,

  • Häerzkreeslafkrankheeten

Desweideren kann Äerdung den Immunsystem stäerken, Péng reduzéieren an de Cortisolspiggel, deen fir Stress verantwortlech ass, an d’Gläichgewiicht bréngen.



Wéi kann ech mech äerden?


Et kléngt bal ze einfach, fir wouer ze sinn an am Endeffekt ass et dat och. Äerdung geschitt duerch en direkten Kontakt mat der Äerd.


Dofir kann een:

  • Buerféiss goen (duerch d’Wiss, de Bësch, Sand, Mooss…)

  • An natierlechem Gewässer schwammen

  • Um Buedem leien

Et gëtt och eng Méiglechkeet op Äerdungsprodukter zréckgräifen, mee well ech domat absolut keng Erfarung hunn, well ech net vill doriwwer schreiwen.



Op naturspiritueller Ebene bleift nach ze soen, dass de Mënsch en Deel vun der Natur ass. Laang éier de Mënsch a senge Stied ofgekapselt war, ass en buerféiss duerch di Bëscher gelaf an deenen e gelieft huet. Nach laang huet en um Buedem geschlof a war domat permanent am Kontakt mat der Äerd. Bis haut ass fir di indigeen Vëlker de Kontakt zur Mammen- Äerd a Pappen-Sonn essentiel fir d’Gesondheet an d’Wuelbefannen. Sou ginn et vill Leit déi behaapten, dass mat deier Ofkapselung vun der Natur de Mënsch ugefaangen huet Raum fir Krankheeten an Onwuel ze schafen.


Och kann ech net anescht wéi dorun ze erënneren, dass een nom Prinzip, dass alles mateneen verbonnen ass, een an engem kompletten Zoustand vun Connectioun zur Natur een och eng déif Connectioun zu sech selwer an domat zu senger Séil huet. An dat ass eng Connectioun, déi - op mannst fir mech - mat kengem Wifi oder 5G vun dëser Welt ze vergläichen ass.

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

​

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

​

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.​

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

​

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

​

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

​

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page