top of page

D’Schlësselblumm



Déi éischt Erënnerungen un d’Schlësselblumm féire mech a meng klengste Kandheet zréck. Ech ka mech erënneren, wéi se a grousser Zuel gewuess sinn op engem Feld, laangt engem Wee, deen mir ëmmer gefuer sinn fir bei meng Grousselteren. Oft si mir stoe bliwwen an ech hu mech ëmmer gefreet déi kleng Glacken ze bewonneren… Déi Erënnerung mécht mech haut nach glécklech an erënnert mech wéi frou ech als Kand schonn mam Fréijoer an de Blummen war.


Leider fënnt een d’Schlësselblumm haut net méi an dëser Unzuel an sou ass et kee Wonner dass si ënner Naturschutz steet an net soll gepléckt ginn. Souguer op Platzen wou se rëm a grousser Zuel wiisst (wéi zum Beispill an Éisträich) ass et streng verbueden se auszegruewen oder hier Wuerzelen ze sammelen. D’Schlësselblumm verdréit keen Dünger, dofir fënnt een se net méi op eise Wisen. Wann ee Chance begéint een hier um Bëschrand. Ween awer doheem op Dünger verzicht, kann se gutt a gären am Gaart uplanzen, wou se schonn am Ufank vum Fréijoer fir vill Liichtegkeet suergt.


Et fënnt een awer geziichten Schlësselblummen (gedreschten eenzel oder och a fäerdegen Théimëschungen), an dofir well ech kuerz op hier Heelkräften agoen: Sie enthält ganz vill Saponinen, déi schläimléisend wierken an dofir kann se bei Houscht a Bronchite agesat ginn. Se wierkt awer och allgemeng berouegend, schloffuerdend a péngstëllend an kann dofir bei Spannungskappwéi, wéi zB. bei Migräne hëllefen. Sie ass och eng vun de wichtegsten Einschleuserplanzen am Fréijoer, dh. sie hëlleft dem Kierper d’Inhaltsstoffer opzehuelen. Well si awer och zousätzlech eng Magnesiumplanz ass, kann ee vun dëser Kombinatioun profitéieren, falls Problemer bestinn, Magnesium opzehuelen.


Op lëtzebuergesch heescht des Blumm Guckucksblumm a soss gëtt se och Primmel an Himmelschlëssel genannt.


Mech huet dee Numm rsp. de Bezuch mam Schlëssel nach ëmmer fierwelzeg gemeet… Engersäits hunn ech gelies, dass d’Schlësselblumm de Schlëssel vum Fréijoer an sech dréit, well si sech scho ganz fréi am Fréijoer weist an d’Saison domat ukënnegt. Et ginn awer och Geschichten em d’Schlësselblumm an deene gesot gëtt dass si aus dem mageschen Gaart am Himmel vun der Gëttin Freya (och Venus oder Aphrodite) kennt. Spéider sinn all des Gëttinne duerch d’Maria ersat gi an d’Blumm ass hier geweit ginn, well och si sou reng an onschëlleg ass. Et fënnt een an dëser Geschicht souguer eng Versioun mam hellege Péitruss, deen jo op d‘Himmelstor oppasst. Egal wéi sinn des magesch Schlësselen aus dem Himmel op d’Äerd gefall an hunn do d’Form vun de Schlësselblummen ugeholl. Des zaart Geschöpfer droen magesch Kräften an sech souwéi déi verstoppten Schätz vun dëser Welt.


D’Schlësselblumm war schonn bei de Kelten an Germanen beléift, d’Bléien sinn als Schmuck gedroe ginn an et gouf och mat hier geräuchert. Dat kann een haut nach ëmmer maachen (wéi gesot, weg nëmmen mat geziichten Bléien oder déi aus dem Gaart), se eegenen sech ganz gutt fir Fréijoersräucherungen, Fréihjoersritualer zB. als Gabe fir d’Gëttin Freya. Well si de Schlëssel zum Himmel a sech dréit, soll se och hëllefen Kontakt mat verstuerwene Mënschen opzehuelen.


Feinstofflech gesin, wierkt sie berouegend op de Geescht a kann eis de Schlëssel zu eis selwer ginn. Si hëlleft eis, d’Härz opzemaachen an eis selwer kennen ze beobachten an Selbstvertrauen opzebauen. Well sie och d’Energie vum Fréijoer a sech dréiht, kann si bei Depressiounen ennerstetzen.


Fir mech huet sie, wéi sou munch Ufanks Fréijoersplanzen déi perfekt Mëschung aus Zartheet, Onschold an ass awer taff genug fir die kaal a naas Deeg vum Fréijoersufank auszehaalen. Dat bewonneren ech emmer rem an och des Qualitéiten kann een fir sech notzen, wann een feinstofflech mat hier schafft.


Ech sinn op alle Fall emmer rem frouh wann ech deier enger oder aanerer Schlësselblumm ennerwee begéinen a dreemen dovunner, dass se an Zukunft iergendswann rem an gréisseren Zuelen eremzefannen ass…





DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page