top of page

Freiden den 13.



Wann déi meescht Leit haut iwwert deen Aberglaube em den Onglécksdag Freides den 13. laachen, kennen déi mannsten awer d’Hierkonft vun dësem Dag. Héchstens zielt nach een iech eppes iwwert de bekannten Horrorfilm oder eng schwaarz Kaatz…


Dass virun patriarchalen Zäiten Freides den 13. mol als hellegen Dag, deen der Weiblechkeet gewidmet war, gegëllt huet, dat wëssen haut nach déi Mannsten. Op dësem Dag ass d’Weiblechkeet - déi et an eis all gëtt - geéiert ginn a gouf als e ganz mächtegen Dag ugesinn fir d'Wäisheet an d'Schéinheet ze feieren a fir séng Kreativitéit ze manifestéieren an ze éieren.



D’Kombinatioun vum Freiden mat der Zuel 13 ass och keen Zoufall, alle béid droen dee weiblechen Prinzip an sech:


Ugefaangen beim Freiden – de Freiden ass der germanescher Gëttin Frija (Frigg) och als Freya bekannt, gewidmet. Schonn am albabyloneschen a spéider am réimesche Räich gouf all Dag vun der Woch engem Gott oder Gëttin zougewisen. Wiem d’Gëttin Freya net bekannt sollt sinn, si ass eng mächteg Kriegerin déi d'Valkyren wärend der Schluecht féiert, des sammelen déi tapfersten Krieger nodeems se am Kampf gefall sinn an transportéieren se an Valhalla, den Fest- an Éieresall an der Asenwelt - am Odin séngem Schlass Gladsheim zu Asgard. Si ass déi schéinste Gëttin vun all an emgëtt sech gär mat schéine Saachen, sou wéi hier berüümten Ketten Brisingamen, wou dem Freya hir Zauberkräften verstäerkt an e wichtegen Géigestand an hirer Magie war. Si ass nämlech net nemmen d'Gëttin vun der Léift mee och eng Volva - eng weis Fra oder Zauberin. Sie steet fir d’Fréijoer, d’Fruchtbarkeet, d'Zauberkraaft an di sexuell Fräiheet.


An de meeschte Sprooche mat laténgescher Hierkonft ass den Dag no der Fruchtbarkeetsgëttin an dem Planéit Venus benannt ginn: op italienesch venerdi, op franséisch vendredi. Dat huet alles déi selwecht Hierkonft.


D’Energie vum Freya / Venus kennt um Enn vun der Woch fir déi vergaangen Deeg ze honoréieren an eis drun ze erënneren datt et wichteg ass nieft dem ville schaffen ze raschten, ze entspanen a Liichtegkeet mat eranzebréngen. Des Energie encouragéiert eis och fir eis Kreativitéit ze fuerderen fir Musek, Konscht an Heelen an d'Welt ze bréngen. Dofir kann dann de wuelverdéngte Week End genotzt ginn.


Elo zur 13 - D'Zuel 13 hält och eng extrem stark feminin Energie a sech a gëlt als d'Zuel vun der Fruchtbarkeet, sou wéi dem Doud an der Wiedergebuert. All Joer huet 13 Moundzyklen an am Duerchschnëtt erlieft eng Fra och 13 Perioden pro Joer. De Mound ass e Symbol fir déi weiblech Energie, fir d’Emotiounen an d’Sensibilitéit.


Wann d'Period vun enger Fra mam Moundzyklus synchroniséiert ass - wat an Urzäiten virun der Elektrizitéit, wou d'Mënschen nach mat der Natur an dem Moundzyklus déif verbonne waren, Normalitéit war - fält am Duerchschnëtt den 13. Dag an d’Mëtt vum Moundzyklus och op den Eesprong (Symbolesch: Wiedergebuert). Sou wéi de Mound all 26 Deeg tëscht Doud - well e komplett verschwënnt (Neiliicht) a Wiedergebuert - wann e rëm opersteet fir ganz ze ginn (Vollmound) pendelt, geet d’Fra mat hirem Zyklus déi selwecht Themen duerch.


Virun Urzäiten, goufen des weiblech Zyklen als helleg ugesinn, och d’bludden ass als magesch a gëttlech gesi ginn. Wann eng Fra am Eesprong war, war si am Maximum vun hirer Kraaft a gouf geéiert fir hir Fäegkeet neit Liewen ze kreéieren. D’Fraen sinn fir des Fruchtbarkeet veréiert ginn.


Eréischt duerch de Patriarchat, sinn déi weiblech Gëttinne duerch männlech Gëtter ersat gi. Zanter deem schummen sech vill Fraen fir hier Periode, respektiv ass dat bis haut en Thema wou nach a ville Beräicher als Tabu ugesinn gëtt. Eng Fra muss funktionéieren, egal wéi een Dag vum Zyklus. Mam Aféieren vum Elektresch sinn d’Zyklen vun de Fraen duercherneen komm an net méi all mam Mound synchroniséiert bliwwen. Vum Aféieren vun Hormoner schwätzen ech lo mol léiwer net… Iergendwann hunn souguer d’Fraen vergiess sech selwer ze éieren fir deen erstaunlechen Potential neit Liewen erschafen ze kennen.


Andeems déi zwee Aspekter zesummebruecht gi sinn - Freiden an 13 - sinn also 2 ganz staark Aspekter vun der Weiblechkeet zesummekomm. Dësen Dag war helleg fir vill heednesch Vëlker déi gréisstendeels Baueren waren a fir déi d’Fruchtbarkeet iwwerliewenswichteg war.



Wisou gëllt d’13. dann schlussendlech als Ongléckszuel?


Majo, do huet d’Kierch hier Fangeren am Spill. Wou déi heednesch Vëlker christianiséiert gi sinn, huet dat der Kierch net gefall, dass d’Fraen an d'Fruchtbarkeet als helleg ugesi gi sinn. D'Weiblechkeet gouf ënnerdréckt an den Zyklus vun der Fra ass tabui’séiert ginn.


Um leschten Abendmahl hunn 12 Persounen deelgeholl: de Jesus an 11 Jünger. Déi 13. Persoun déi bäikoum war de Judas, deen de Jesus verroden huet an Ongléck bruet huet. Sou ass en Aberglaube entstane, deen d’Zuel 13 als Ongléckszuel ugeprangert huet. Bis haut gi et zB. keng 13. Sëtzreih a ville Fligeren.


Och de Freiden ass als Onglécksdag deklaréiert ginn. Schliisslech ass de Jesus op engem Freiden - Karfreiden - gekräizegt ginn an och den Adam an d’Eva sollen op engem Freiden vun der verbuedener Fruucht geschmaacht hunn a sinn domat aus dem Paradäis verbannt ginn.



Wat mir haut schlussendlech aus dësem Dag maachen ass jidderengem selwer iwwerlooss.


Ech hunn decidéiert, op dësem Dag déi weiblech Energie ze feieren. Déi kann a soll allerdéngs net nëmmen vun de Fraen gefeiert ginn. All Mënsch besteet aus béiden Aspekter (Yin a Yan) also weiblech a männlech Energie a sou hunn och Männer deen Aspekt a sech, sou wéi och all Fra e männlechen Deel an sech huet. De Patriarchat huet awer nu mol seng Spueren hannerlooss an sou ass déi läscht Joerhonnerten dee weiblechen Aspekt ëmmer méi ënnerdréckt ginn. Et ass elo Zäit sech ze erënneren, dass d’Balance tëschent dësen 2 Polen däerf bestoen. D’Weiblechkeet däerf erëm opkommen. Net fir d’Männlechkeet ze ënnerdrécken, mee fir Hand an Hand ze bestoen…


Freides den 13. ass also dee perfekten Dag fir d’Gëttlechkeet an sech ze feieren an deem ee kreativ ass an d’Liewen feiert. Et ass och de richtegen Zäitpunkt fir sengen Emotioune fräie Laf ze loossen a mäi Gefill seet, do ënnerstëtzt ons och de kommende Vollmound dobäi…


Ech wensche jidderengem e schéine Freiden voller Kreativitéit,


Cynthia




DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page