top of page

IMBOLC: D'ÄERD ERWÄSCHT

Ech sinn haut aus dem Auto geklommen an zack! war et do - wann och nëmme ganz kuerz - dat éischt Fréijoersgefill vum Joer. 


Ech si stoe bliwwen, well ech d’Villercher zwitscheren héieren hunn - déi éischte Kéier zanter vill ze laangem. D’Sonn huet mäi Bak ganz douce gekësst, mäi Bléck ass op e Grashallem gefall, deen am Sonnestral mat enger klenger Lëftche gedanzt huet. Et war e perfekte Moment, wéi wann d’Zäit kuerz stoe bliwwe wär a mäin Häerz ass grouss opgaangen an huet sech vollgesaugt mat dësem Gefill. 


E kuerzen Abléck méi spéit ass d’Sonn rëm hannert der Wollekendecken verschwonn an d’Fréijoer war fort, einfach verschwonnen. Wéi en Dram deen einfach verpufft, eng Seefeblos déi platzt… mee d’Gefill a mengem Häerze war nach ëmmer do 🧡 


Besser kéint ech dat Gefill vun Imbolc net beschreiwen . Dëst Joereskreesfest zeechent genee d’Mëtt tëscht dem Wanter- an dem Fréijoersufank, dh. Mir sinn elo an der Hallschent vum Wanter. Zanter der Wantersonnewend hu mir ongeféier eng Stonn Sonneliicht gesammelt an dat spiert een. Ab dësem Moment kann et ëmmer rëm zu Momenter kommen, wou ee kuerz Fréijoersmomenter spiert, well d’Fréijoer ass amgaangen sech an d’Wanterqualitéit anzeweben. 


Imbolc wat souvill heescht wéi am Bauch - eng Erënnerung dorun ass am Bauch vu Mamma Äerd déi éischt Somen ufänke mat keimen. Heibausse kritt een nach net allze vill dovunner mat, mee eng Saach ass sécher, d’Äerd bereet sech grad op neit Liewe fir. 


Wéini ass da lo Imbolc ? Fir déi Leit déi mam Sonnekalenner gi gëtt Imbolc um Virowend vum 2. Februar gefeiert, fir déi Leit déi mam Moundkalenner ginn, gëtt Imbolc um 2. Vollmound no der Wantersonnewend gefeiert, dat fält op haut…


gal wéini een dest Fest feiert, ech hu scho dorop opmierksam gemaach, dass een dovunner kann ausgoen, dass eis Virfahren déi flexibel Fester (dh. déi Fester wou keng Naturereegnisser sinn am Géigendeel zu de Sonnewenden oder den Equinox‘en) souwisou net all gläichzäitzeg gefeiert hunn, mee grad dann wann et sech richteg ugespuert huet. D’Fest Imbolc ass en Iwwergangsfest, wou een nieft der Energie vum Wanter, deen nach ëmmer present ass, och lues awer sécher d’Energie vum Fréijoer, deen sech ëmmer rëm weist, feiert. Sou konnt op enger Platz scho déi éischt Virfreed op d’Fréijoer opkommen, wou gläichzäiteg e puer Kilometer weider zum selwechten Zäitpunkt nach ëmmer festen Wanter ënnert enger décker Couche Schnéi geherrscht huet an nach keen un d’Fréijoer geduecht huet. Sou mécht et fir mech absolut Sënn sech bei all deene Fester méi op d’Energie wéi op den Datum ze fixéieren.


Allgemeng kann een soen, dass eis déi Imbolc Energie souwisou op mannst bis zum Fréijoersufank begleet. Typesch fir déi Zäitqualitéit ass eben deen Hin an Hier tëscht Wanter a Fréijoer. Mol ass et kal a fraschteg an de Wanter erënnert eis drun, dass en nach net bereet ass, Platz ze maachen, mol kennt e Sonnestral eraus an et héiert een e Villchen an dreemt ee vum Fréijoer. Et schwätzt een och vun enger Schwellenzäit.





De Numm Imbolc


Ech hu grad geschriwwen, dass Imbolc iwwersat „am Bauch“ heescht an eis dorunner erënnert, dass d’Liewen grad am Schouss vun der grousser Urmamm rëm zum Liewen kennt. Souguer an de keelsten Géigenden kann een dovunner ausgoen, dass ganz déif am Bauch vu Mamma Äerd déi éischt Kären ufänken mat Keimen, och wann et nach dauert, bis si sech un der Äerdoberfläch weisen.


Dat ass allerdings just eng Theorie. Eng aaner seet, dass dësen Numm sech aus den ireschen Wuertdeeler imb (um) an folc (wäschen, rengegen) zesummesetzt (also: Eng "rundum Wäsch"). Domat géif de Begrëff ënnersträichen, dass et sech em e grousst Rengegungsfest handelt. Dëst mécht däitlech dass et sech bei Imbolc prinzipiell dorëm handelt, dass et eng rituell Rengegung vun der schwéierer Energie vum Wanter ass.


E weidere Numm vun dësem Fest ass iwwregens Oimelc. Dest ass vum ireschen Wuert fir Schofsmëllech ofgeleet an erënnert un d’Fréijoer an déi kleng Scheewercher déi dann pünktlech zu déier Zäit op d’Welt kommen.






Rengegung a Fruchtbarkeet


Imbolc ass e Rengegungsfest: et dierf gerengegt a Platz fir Neies gemaach ginn. Allgemeng gesinn, dierf de Wanter ëmmer rëm verjot a verschreckt ginn, dass sou ka Platz entstoen fir d’Fréijoer an eng nei an méi liicht Energie. Aus deem Grond sinn scho bei den Heeden Leit mat gruggelechen Masken, Schellen a Glacken erausgaangen an hunn mat vill Kaméidi dofir gesuergt, déi Energien vum Wanter ze vergraulen. Dëst ass och eng vun de Wuerzelen vun der Fueszäit, déi bis haut vu villen an dëse Wochen gefeiert gëtt.


Deemools waren d’Wanteren laang an et war alles dovunner ofhängeg, wéi vill Proviant een fir de Wanter stockéiert hat a wéi laang d’Fréijoer nach op sech waarde gelooss huet. Spéitstens ab dem Enn vum Januar ass et enk ginn mam Stock an et ass oft gefaascht ginn, fir déi läscht Wochen sou gutt wéi méiglech ze packen. Et war sou, dass d’Fraen ganz akribesch geplangt an de Recht vum iessen verdeelt hunn, fir sécher ze sinn, dass keen virum Enn vum Wanter erhéngere géif. D’Männer hunn sech do missen eraushalen, et war eng reng "Fraesaach". Dëst ass den Ursprong vun de ganze Bräich em Altweiber.


Bis haut ass den Aspekt vun der Rengegung am Zesummenhang vun dëser Zäitqualitéit erhalen bliwwen. Vill Kraiderfraen (a -männer) notzen déi Wochen vum Februar fir hire Kierper mat ënnerstëtzende Planzen wéi Brennnessel, Pissblumm an och Bierkeblieder ze rengegen. Well et dobaussen nach wéineg ze plécken gëtt, ginn haaptsächlech ugesaten Tinkturen oder gedreschtent Planzematerial als Téi benotzt. Sou ginn am Kierper déi festgesaten Schlaacken vum Wanter erausgespullt an et mécht ee Platz fir Neies. Ab dem Fréijoer liwweren déi frësch Kraider, rëm nei Energie.


Nieft der berüümten Fréijoersbotz, wou een alles erausgeheit wat un de Wanter erënnert fir Platz fir d’Fréijoer ze maachen, dierf een sech och an deier Zäit drun erënneren, sech a säin Haus reegelméisseg energeetesch ze rengegen. Dëst kann ëmmer rëm wichteg sinn, well sei Schwankungen tëschent Wanter a Fréijoer och energeetesch fir Hin an Hier suergen an dat kann déi eegen Energie och duercherneen bréngen. Desweideren ass et sou, dass de Wanter an d’Fréijoer komplett géigesätzlech Qualitéiten mat sech bréngen, de Wanter fir d’Rou an d’Innenschau, wärend am Fréijoer rëm alles zum Liewen kennt an eis ganz Opmierksamkeet no baussen geet. Sou kann et normal sinn, dass deen permanenten Hin an Hier een duercherneen mécht an Launschwankungen mat sech bréngen. Do kann d’Räucheren zum Beispill hëllefen, méi Equiliber eranzebréngen.


Imbolc ass awer och e Fruchtbarkeetsfest. Domat steet Imbolc och an Zesummenhang mat de virchrëschtlechen Lupercalien aus dem alen Roum, déi och em des Zäit gefeiert gi sinn. D’Luucht déi no der Wantersonnedwend rëm zréck an d’Nordhallefkugel gebuer gouf, mécht sech ëmmer méi bemierkbar. D’Deeg sinn elo scho däitlech méi laang ginn. An der Naturspiritualitéit steet de Wanter fir d’Däischterheet an den Iwwergang zum Fréijoer bréngt ëmmer méi Luucht an d’Spill. Sou wéi d’Äerd fir déi grouss Urmamm steet, steet den Himmel, respektiv d'Sonn fir de groussen Urpapp. Bildlech steet also d’Zréckkommen vun der Luucht fir de männlechen Aspekt, deen Mamma Äerd befruchten kennt. Ouni Luucht entsteet nu mol kee Liewen. Dës magesch Balance tëschent der helleger Weiblechkeet a Männlechkeet déi zesummen duerch de Joreskrees danzen, wou se mol méi mol manner an da rëm gläich staark sinn ass en e wichtegen Aspekt vun der Naturspiritualitéit. Dest erklärt och wisou mam Zréckkomment vun der Luucht Imbolc ëmmer rëm als Liichtfest bezeechent gett. Dat huet der Kierch och besser gefall wéi déi Geschicht vun der Fruchtbarkeet, dofir hunn d’Chrëschten Imbolc mat Liichtmëssdag iwwersat. Bis haut ginn d’Käerzen fir d’ganzt Joer an der Kierch op dësem Dag geséint.





Ech kann mäin Text iwwert Imbolc net ofschléissen, ouni iwwert d’Brigid, och als Brighid oder Brig bekannt, ze schreiwen. Brigid heescht iwwersat „dat Hellt“ rsp. „dat Stralend“.


Brigid ass souwuel eng keltësch Gëttin bei den Heeden, wéi en Hellegt bei de Chrëschten, eng ongewéinlesch Mëschung aus zwou Richtungen, déi eigentlech net zesummengehéieren, oder vläit grad.


Si ass déi keltesch Gëttin vum Feier, vun der Heelung an der Gebuert a gëllt als eng vun eisen eelsten Gëttinne aus Europa.


Als Gëttin vum Feier steet si op materieller Eebene als Gëttin vum Schmadd a vum Häerd am Stot. Op feinstofflecher Eebene steet si fir dat ënnerlecht Feier, eis kleng Flam, déi richteg gefiddert zu engem mächtegen Feier vun der Inspiratioun, Kreativitéit an Intuitioun gëtt. Sou wéi si dem Schmadd sain Eisen zum Schmelzen bréngt an em erméiglecht seng Kreatiounen ze schmidden, ënnerstëtzt si och op feinstofflecher Eebene nei Pläng an Iddien déi geschmitt ginn. Wat elo vun Iddi un d’Keimen kennt, kann am Hierscht geerntet ginn. Mat hirem Feier steet si fir d’Kraaft déi de Schnéi zum Schmelzen bréngt an d’Äerd erwiermt. Op mystescher Eebene steet si als Härin vum gëttleche Feier.Si ass och d’Gëttin fir d’Heeler an d’Poeten.


Als Härin vun der Fruchtbarkeet steet se fir d’Landwirtschaft an och fir d’Gebuert an ass Schutzpatrounin vun de Kanner a Fraen. Si gouf bei der Gebuert als Bäistand geruff. Desweideren, spent si Trouscht an der Trauer.


Brigid ass eng vun d‘Fréijoers Erscheinung vun der dräifalegkeeteger Gëttin. Dobäi handelt sech em déi jonk Gëttin an hirer onschëlleger, jongfralecher Gestalt.


Eng handwierklech Bastelaarbecht déi em d’Zäit vun Imbolc gären gemaach gëtt ass d’Kräiz vun Brigid, waat aus Stréi oder Binsen geflecht gëtt. Des Kräizer gi bis haut traditionell an Irland um Dag virum Fest hiergestallt an als Schutzsymbol un Hausdieren oder Fënsteren opgehaangen.


Och kleng Brigid Stréihpoppen sinn zu dëser Occasioun gären geflecht ginn. Des sinn dann éischter als Opfergab benotzt gi fir d’Felder ze seenen.


An engem nächsten Text, schreiwen ech nach e bëssen méi doriwwer, wéi eng Bräich et em Imbolc gi sinn a wéi een des Zäitqualitéit fir sech notzen kann.


Alles Léiwes,

Cynthia

Mots-clés :

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page