top of page

LUCIA



All Feierdag em des Joreszäit ass déif verbonnen mat der Widergebuert vum Liicht an der däischterster Zäit vum Joer. Dëst ass zréckzeféieren op d'Wantersonnenwende, déi mir an eisem häutegen Kalenner den 21.12. festgehalen hunn, et ass de Moment wou mir de kierzten Dag an domat och déi längsten Nuecht vum Joer erreechen.

Lucia gëtt haut um 13. Dezember gefeiert. Dat ass nach gréisstendeels an de skandinaveschen Länner de Fall, wou jonk Meedercher mat wäisse Kleeder an engem Kärzenkranz um Kapp - als Symbol vun der erneierter Schéinheet vun der Sonnegëttin, op déi sou häerzlech gewaart gëtt - zesummekommen. Et gëtt zesummen gesongen, Luciagebäck verdeelt an bildlech souwéi symbolesch d'Liicht vun Haus zu Haus weiderginn.

Lucia ass eng vun de kelteschen Wanterkinniginen / gëttinen, déi alleguerten déif mat der Liicht an der Däischtert verbonnen sinn. Do heescht et, dass d'Lucia sech d'Aen ausgerass huet, fir hellsiichteg ze ginn. Et geet och riets em dat "schwaarzt Lucia", wat an der Nuecht virum 13. Dezember mat enger schrecklecher Horde optaucht a mat Speis an Trank huet missen besänftegt gi. Dat ass fest veknüpft mat de Geschichten vun der Frau Percht / Frau Holle, wou deene Meeschten am Kontext vun de Rauhnächte misst bekannt sinn, oder op mannst aus de Geschichten vun de Gebrüder Grimm. Eent ass kloer, all des Wanterfraen sinn zwiispälteg Gestalten déi gläichzäiteg d'Liicht an d'Däischtert, rsp. déi eng perfekte Dualitéit tëschent gutt a béis representéieren.

Am Chrëschtentum gëtt et déi helleg Luzia, (aus dem latäineschen luz - Liicht) wou sech aus Beweis zu hirem Glawen d'Aen erausgerappt huet a steet bis haut nach als Schutzpatrounin fir Aenliicht an Erleuchtung.

Fir mäin Deel, hunn ech mech nach ëmmer déif verbonne gefillt mat dësen Geschichten tëschent dësen 2 Extremer an hu mech extrem gefreet, fir et fotografesch ëmzesetzen.

E grousse Merci un d'Audrey wat fir mech Model stoung.

Konzept, Kappschmuck, Fotoen an Beaarbechtung si vu mir.








Mots-clés :

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page