top of page

Räucherungen - Vill méi wéi just en angeneemen Doft

D’Räucheren begleet de Mënsch säit Ufanks vun der Mënschheet, respektiv säitdeem de Mënsch an der Steenzäit geléiert huet, mam Feier ëmzegoen. Haut geet een dovunner aus dass eis Virfahren Kraider, Hëlzer souwéi Haarzer éischter zoufälleg an d’Feier geheit hunn an dobäi gemierkt hunn, wéi den Geroch gutt gedoen huet an den Damp hier Stëmmung verännert huet.


D’Räucheren ass absolut iwwerall op der Äerd erëmzefannen an all Kultur huet hier eegen Traditiounen ronderëm d‘Räucheren entwéckelt. An Ägypten huet een mam doftenden Damp Botschaften un d’Gëtter verschéckt. An de Pharaogriewer sinn Räuchergefässer an Haarzer als Grabbäigaben erëmfonnt ginn. Am antiken Griicheland sinn Räucherungen als Opfergaben fir d’Gëtter zeremoniell ofgehalen ginn. Den Damp vum Lorbeer soll d’Seherinnen beim Orakel vun Delphi zu hiren Visiounen geleet hunn. Och am ale Roum, sinn d‘Gebieder un d’Gëtter „per fumum“ also mam doftenden Damp an den Himmel geschéckt ginn - dohier staamt iwwregens d’Wuert „Parfum“. Den Orient ass och bekannt fir seng ausgepräägten Räucherkultur. Natierlech fanne mir och hei an Europa vill Beweiser dofir dass geräuchert ginn ass. Bei de Kelten sou wéi bei de Germanen war et normal Opfergaben ze räucheren. An der Mëtt vun de Siidlungen gouf et eng grouss Feierplaz bei deier sech versammelt ginn ass an och Räucherwierk verbrannt ginn ass. Nieft dem Räucheren am Alldag beim Vollek huet en an der Ritualistik eng grouss Roll gespillt. Och an der Alpegéigend fënnt ee vill al Traditiounen ronderëm d’Räucheren, déi bis haut nach zum Deel bäibehale gi sinn.



Et ginn vill Grënn, wisou een hautdesdaags d’Räucheren a säin Alldag aféieren kann:


  • Fir schlechten Geroch ze neutraliséieren – mat de richtegen Kraider gëtt den onangeneemen Geroch net just iwwerdeckt.

  • Fir d'Loft an deem Raum ze desinfizéieren. Dëst ass keen neien Trend, mee gouf wärend ganzen Generatiounen gemaach fir Haiser vun Krankheeten ze befreien. Et ass nach guer net sou laang hier, wou d’Spideeler reegelméisseg komplett ausgeräuchert gi sinn. Och wann dat haut net méi de Fall, ass et absolut vun Virdeel déi keimdéidend an desinfizéierend Wierkung vum Räucheren ze notzen.

  • Fir e Raum energeetesch ze rengegen, spriech negativ/ugespaanten gestauten Energien aus engem Raum ze kréien. Kennt dir dat Gefill wann een an e Raum kennt an deem grad virdrun gestridde ginn ass? Dat selwecht geschitt wann een an e Raum kennt an deem sech eng oder méi Persounen iwwert eng länger Zäit de Kapp zerbrach hunn. Dëst sinn alles Energien déi sech an engem Raum ophalen an opstauen a wonnerbar mat Räucherungen opgeléist kënne ginn.

  • Fir eng positiv berouegend Energie an e Raum ze kréien, kann ee mat liichtvollen, entspanende Kraider schaffen. Dëst huet natierlech och eng Wierkung op Kierper a Geescht wann een sech an deem Raum ophält a kann zum Beispill d’Stëmmung hiewen oder Angschtgefiller opléisen.

  • Genau an deem Sënn kann een seng Aura rengegen an energeetesch oplueden. Domat kann een säin perséinlecht Energiefeld vun negativen Energien befreien an mat ënnerstëtzenden Energien opfëllen. Och dëst huet natierlech eng staark Wierkung op eise Kierper a Geescht. Eis Stëmmung kann vun engem Ament op deen Aneren doduerch ëmgewandelt ginn.

  • Fir e Schutzritual. Wien sougenannten Schutzkraider benotzt, kann sech a seng Reim zum Schutz räucheren.

  • Eppes wat mëttlerweil an eise Géigenden zimmlech verluer gaangen ass an ech awer op mannst kuerz well drop agoen: räucheren kann fir vill Gesondheetsproblemer oder Weh Weh’echer agesat ginn. Als Beispill: sou wéi een bei Halswéi zb. en Téi kann drénken, kann een des Planz räucheren a mat engem Duch oder Schal den Damp opfänken an dësen dann em de wéien Hals droen.




Ech hu schonn an aneren Texter iwwert déi grobstofflech a feinstofflech Aarbecht mat de Kraider geschriwwen. Wat beim Räucheren einfach immens ass, ass dass een genee op dësen 2 Ebenen schafft: grobstofflech, spriech op materieller Ebene, ass et sou dass een vun d‘Wierkung vun der Planz notzt. Feinstofflech, spriech op geeschtlecher Ebene, ass et sou, dass beim Räucheren vun der Planz, och de Geescht vun deser befreit gett.


Ech weess, dem moderne Mënsch fällt et haut schwéier ze gleewen, dass alles anescht wéi e Mënsch eng Séil besetzt, woubäi souguer dat des öfteren a Fro gestallt gëtt.


Am schamaneschen Weltbild ass et esou, dass alles beséilt ass dh. net nemmen de Mënsch, mee och d’Déieren, d’Planzen, d’Steng. Wann ee bei de Mënschen an Déieren dovunner ausgeet, dass se beséilt sinn, geet een bei de Planzen dovunner aus, dass se emséilt sinn, dh. dass hier Séil ronderëm der Planz schwieft. Sou erkläert et op alle Fall op seng wonnerbar Aart a Weis den Kulturanthropolog, Ethnobotaniker a Buchauteur Wolf Dieter Storl.


Zréck zum Thema, wann eng Planz also geräuchert gëtt, léist sech déi Séil vun der Planz an zitt mam Damp Richtung Himmel.


Et ass esou, dass all Kraiderfraen a Männer déi op feinstofflecher Basis mat de Planzen schaffen, d’Räucheren gären als Methode huelen, fir mat der Séil vun der Planz a Kontakt ze kommen an op deem Wee Botschaften ze empfänken.


Natierlech droen verschidde Planzen mat hirer entspanender oder souguer halluzinogener Wierkung dozou bäi, dass een sech besser mat aneren Ebenen kann verbannen a Messagen an Deitungen empfänken kann. Dëst ass de Grond wisou an alle Kulturen vun der Welt d’Planzenräucherungen eng wichteg Roll am kulteschen Beräich spillen a bei kengem Ritual oder Orakel ewechzedenken sinn. Souguer d’Kierch huet sech deem ugeschloss – andeems Wäirauch an der Mass geräuchert gëtt.


Am klenge Raum heescht dat also, dass een d’Räucheren kann notzen, fir méi déif ze meditéieren a visualiséieren, Kontakt zu enger bestëmmter Planz, Ënnerstëtzung an sengen eegene Ritualer an klengen Zeremonien, souwéi Zougang zur onsiichtbarer Welt fir seng Orakelen, Deitungen a solches auszeféieren.


Wichteg bleift et do ze erwänen, dass all eenzel Planz eng aner Kraaft an sech dréit an dofir ass et mir perséinlech ganz wichteg mech nieft der grobstofflecher Wierkung och mat der feinstofflecher Wierkung auserneenzesetzen, fir dass ech e komplett Bild vun hiere Kraaft a Wierkung hunn.


Dëst ass och de Grond wisou ech hei an dësen Zeilen keng konkret Planzen well benennen, mee ech ënnert all Text wou ech iwwert d’Planzen verfaassen, ëmmer probéieren, béid Aspekter sou gutt et geet ze beschreiwen.



Ech hoffen ech konnt deem engem oder aaneren d'Räucheren bessen méi no bréngen.


Mat Léift,

Cynthia

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

​

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

​

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.​

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

​

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

​

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

​

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page