top of page

Wéi kann ech d’Zäitqualitéit vum 1. Mee/ Beltane/ Walpurgis fir mech notzen?






Wéi eng Ritualer kann ech fir mech selwer rëm aféieren?

Et ass net nëmmen schéin ze wëssen, wéi eng Fester eis Anen gefeiert hunn, et kann engem och an sengem Alldag hëllefen, wann een sech genee bewosst ass a wéi enger Zäitqualitéit ee sech grad befënnt, a wéi een se fir sech am Beschten notzen kann. Vun den heednesche Bräich kann ee bis haut villes ëmsetzen. Natierlech geet et net drëms, dat 1:1 nozemaachen, mee et kann een sech op alle Fall drun inspiréieren an se an eis modern Zäit upassen…

Op dëser Platz dierf awer gesot gi, dass dat net alles um prezisen Feierdag muss gemaach gi, dat ass elo déi Zäitqualitéit an déi mir sinn an déi bleift eis méi wéi just dee prezisen Dag erhalen.



Ales verbrennen

Traditionell soll iwwert d'Feier gespronge gi sinn, wou d’Leit dann lauthals gejaut hunn, wéi eng Reschter vum Wanter se wollte verbrennen an mat der pulséierender Kraaft vum Fréijoer a neit Liewen verwandelen.

Dat kann een sech natierlech och op en Ziedel schreiwen an deen verbrennen. Do kann een sech puer Minutten Zäit huelen, fir sech op d’Flam ze konzentréieren, dann liest een dat fir wat een sech opgeschriwwen huet an et gëtt een dëst an d' Feier. D’Intentioun ass dobäi immens wichteg.

Wee kee Kamäin huet an och keng aner Méiglechkeet huet bei sech e Feier ze maachen, kann dëst Ritual och mat enger einfacher Kärz maachen. De Grondprinzip ass ëmmer dee selwechten: D’Beltane Feier ass staark rengegend an hëlleft eis d’Iwwerreschter vum Wanter ze verbrennen.




De Wanter endgülteg goen loossen

Des Energie kann sech och gutt notze loossen fir déi läscht Tracen vum Wanter ze besäitegen, seng Terrasse a Form ze bréngen, de Gaart rëm fit ze maachen oder d'Fréijoersbotz ze schmäissen. Säi Wantergezei däerf een elo aussënneren, seng Wanterschong a Wantermäntel botzen an wechraumen.



Sech mat der Natur verbannen


Natierlech kann een sech prinzipiell ëmmer an zu all Joreszäit mat der Natur verbannen, mee em des aktuell Joreszäit ass d'Natur ganz besonnesch. Ze gesinn an ze spieren, wéi rëm alles zum Liewen erwëscht ass net nëmmen wonnerschéin, mee schéngt engem Kraaft an Zouversiicht. Dat wat d'Natur kann, kenne mir och, well mir sinn en Deel vun der Natur (och wa vill vun eis et vergiess hunn). Et kann een drop vertrauen, dass och mir lo rëm an eis Kraaft kommen an dass déi Zäitqualitéit sech perfekt dofir notzte léisst, fir nei Projet'en un d'Liewen kommen ze loossen. Och Affirmatiounen vun Fülle a Freed gi lo vun der richteger Energie ënnerstëtzt.


Och einfach nëmmen an d'Natur goen an sech mat engem Bam verbannen, kann en einfacht awer ganz effektiivt Ritual sinn.


Et mécht also absolut Sënn an de Bësch ze goen an e Meekranz ze maachen. Awer vläicht kann een elo, wou een souvill méi iwwert dat Fest gewuer ginn ass, mat enger aner Approche an de Bësch goen. Leider hu vill vun eis Mënschen de Respekt zum Bësch verluer... mir gi do eran, als géif dee Bësch eis gehéieren a rappen do aus dem Buedem oder vun de Beem, wat eis grad an de Kapp kennt aloossen eisen Dréck do leien. Wann een sech bis bewosst gëtt, dass mir do zu Gaascht sinn, dierf een sech uwinnen méi uechtsam ze sinn. Et sollt "normal" fir een ginn, dass een de Bësch sou verléisst, wéi een e fonnt huet. Dass een sech mat der Natur verbënnt, hier Energie ophellt, se respektéiert an hier mat Léift géigeniwwer trëtt. Ech weess, fir déi meescht ass et total friem der Natur em Erlabnis ze froen, eppes dierfen ze plécken, ech selwer hunn déi Theorie, déi éischte Kéier, wou ech dovunner gelies hunn, zimmlech funky fonnt, mee mëttlerweil hunn ech se a mäin Alldag agebonnen. Nach méi schéin ass et, wann een sech dem Zyklus vum Liewen bewosst gëtt, an dass een fir alles wat een sech hellt och eppes zréck gett. Sou ass et fir mech zB. ganz normal ginn, wann ech vill Wëllkraider gepléckt hunn, eng kleng Opfergabe dozeloossen. Dat kann en Mandala sinn, deen een mat Naturmaterialer mécht , déi ee grad op dëser Platz fonnt huet, Friichten, Ness, séisst Gebäck, eppes ze drénken (zB. eng hallef Nossschuel mat Moundwaasser, Mëllech...) oder och e Lidd wou een als Merci séngt.


Well, wéi ech a mengem Text iwwert d'Hierkonft vun dësem Feierdag scho geschriwwen hunn, de Schleier tëscht eiser materieller Welt an der Geeschterwelt op dësem Dag besonnesch dënn ass, eegent sech deen Dag extra gutt fir Opfergaben an der Natur ze loossen. Natierlech passt een op, dass een keen Dreck do léisst, also näischt wat sech net vum selwen zersetzt, keng Verpackungen a natierlech och kee Plastik.




Liewensfreed a Fréijoersgefiller ausdrécken


An d'Freed an an d’Sënnlechkeet goen, mat all senge Sënner spieren, kreativ sinn, e Lidd undrécken an sech dovun erfëlle loossen an et dann ausdrécken wéi et grad passt: danzen, sprangen, laachen, jäizen... du hues et verstane - maach wat der Spaass mécht an looss déi Gefiller eraus. Et gëtt kee richteg a kee falsch.


Musek maachen a sangen ass och e wonnerbaart Mëttel fir déi Gefiller auszedrécken.




D'Fréijoer op säin Teller alueden


Et ass schéin sech och domat auserneen ze setzen, an Fréijoerswueren op säin Teller ze bréngen. Do eegenen sech zb. Spargelen, Rubbarb, Fréimuërten... asw. also näischt wat em d'halleft Welt huet missen geschippert ginn fir bei eis am Frigo ze landen. Och do dierf een kuerz doriwwer nodenken an dankbar sinn, dass d'Fréijoer eis neit Liewen a nei Liewensmëttelen schenkt.


Räucheren


Als Kraiderfra muss ech zouginn, dass bei eis d'ganzt Joer rëm geräuchert gëtt. Dat hu mir mëttlerweil mat an eisen Alldag agefouert. Mee grad op sou besonneschen Deeg, dierf een sech ëmsou méi domat auserneen setzen.

Wéi eng Räucherpflanzen een dofir ka benotzen sinn villfälteg, alles waat sech fir een selwer richteg uspiert ass d'office emmer richteg ansonsten sinn ennert aanerem ze empfeelen: Rousenbléihen, Lavendel, Baldrian, Holunderbléihen, Rosmarin, Schafgarbe, Drachenblut, Weihrauch.

Wärend sech de Planzendamp am Raum verdeelt, kann een sech bei de Planzegeeschter bedanken an se bieden eis an dësem neien Liewenszyklus räich ze beschenken.

Ween nach ëmmer Angscht virun Hexen oder Verhexungen huet kann sech ganz gutt mat Brennnessel, Bäifouss, Wacholder, Johanniskraut, Dost a Thymian schützen .


Ech wënschen iech all, egal wat der maacht oder och net maacht, e schéine Feierdag...


Cynthia







DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

​

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

​

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.​

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

​

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

​

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

​

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page