top of page

KLANGTHERAPIE

Wat bewierkt Klangtherapie?

Bestëmmte Schallfrequenzen hunn en Afloss op ons Gehierwellenaktivitéit. Duerch d'Klangwellen vun de Klangschuelen a Gong, erreechen d'Gehierfrequenzen de sougenannten Theta-Zoustand. Dëst ass en Zoustand vun déiwer Entspanung, deen sech fir Dramreesen, Verbannung zur eegener Séil awer och Heelung a Selbstheelung perfekt eegent. De Kierper ass déif entspaant, de Geescht ass roueg an awer fäeg Impulser opzehuelen. Emotional Blockaden a Verspanunge kennen geléist ginn.

De Klang eegent sech wonnerbar fir Kierper, Geescht a Séil ganzheetlech ze entspanen a Stress ofzebauen. Dëst geléngt net nëmmen, well een d'Kläng héiert, mee virun allem well een se spiert. Well de Kierper zu engem héije Prozentsatz aus Waasser besteet, ass dësen e wonnerbare Leeder fir d'Klangwellen. De Kierper trëtt souzesoen a Resonanz mam Klang a kann all Vibratioun bis an d'Zellen ophuelen.


​Wéi leeft eng Eenzelsëtzung of? 

Bei enger Klangmassage ginn d' Klangschuelen ausgewielt a spezifesch op d'Bedürfnisser op a ronderëm de Kierper positionéiert. Du bleifs wärend der ganzer Seance komplett bekleet. Fir d'éischt gëtt d'Aura energeetesch komplett gerengegt, sou dass d'Klangmassage beschtens wierke kann. No der Massage gëtt deng Aura nei equilibréiert.

Géigenindikatiounen: 

- Epilepsie

- Pacemaker an all aneren Herzschrittmacher

- bei Schwangerschaft réischt nom 3. Mount Schwangerschaft

Dauer: 90 Mn.

Déi eigentlech Klangmassage dauert 45 Minuten. Duerch déi energeetesch Rengegung (firdrun) an de Recalibrage (dono), souwéi déi kuerz Gespréich a Berodung sin 90 Minuten viergesinn.


Prais: 100 € 

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page