All Bëschgänger ass hier scho begéint, si ass schliisslech eng vun deenen éischten Bléien déi sech ganz am Ufank vum Fréijoer weist an de Bëschbuedem mat grousse Teppecher dekoréiert, an zwar genee dann wann de Bësch et kann gebrauchen, well e nach bëssen traureg ausgesäit, well d’Beem nach keng Blieder hunn. Duerch déi plakeg Beem, kann si zwar vun de Sonnestralen profitéieren, mee virun der d‘Loft ass si net geschützt. An déi kréien des Blimmercher däitlech ze spieren, wéi se mat hire Käpp mat all Wandstouss hin an hier fléien, mee dat ass och richteg sou, wellsi sinn déif verbonnen mam Wand: hire Numm Anemon kennt vun „anemos“ - dat griichescht Wuert fir Wand. Dofir gëtt se och a ville Sproochen „Wandblumm“ genannt.
Et gëtt gezielt, dass déi griichesch Göttin Flora jalous war op eng wonnerschéin Fra, déi hirem Mann Zephyr, de Gott vum Wand, schéin Aen gemaach huet. An hirer Roserei huet se dunn hier Rivalin an eng Blumm verwandelt, déi den Numm Anemone kritt huet. Zênter deem gëtt se fir hier Schéinheet bewonnert.
Eng aner Geschicht ass, dass se do wiisst, wou Tréine gefloss sinn. Dass se aus dem Buedem gespréist ass wou dem Aphrodite hier Tréinen de Buedem beréiert hunn, wéi den Adonis verstuerwen ass. Dofir gëtt se och mat Trauer an Doud a Verbindung bruet.
Sie ass an der magescher Welt beléift, et gëtt gesot, dass Fee’en an hiere Bléien wunnen, well si bei schlechtem Wieder oder Nuets zouginn an sech a kleng Glacken verwandelen, an déi sech d’Fee’en verstoppen a schlofe kennen.
Och wann des Bléien zaart an zerbriechlech wierken an en Symbol fir Onschold sinn, soll een sech net täuschen loossen. Sie stinn dem fir di Joëreszait typesch schwankenden Wieder stand a maachen sech mat aller Muecht staark fir d’Fréijoer – a sinn dofir e staarkt Symbol fir den Neiufank a Kraaft.
Déi däitsch Volleksnimm „Kopfschmerzblume“ an „Hexenblume“ weisen zousätzlech dorop hin, dass mat hier net ze spaassen ass: all Deeler vun der Planz si gëfteg. Et handelt sech hei op kee Fall em eng iessbar Planz. Och wann si fréier als Heelplanz benotzt gouf, gëtt se haut just nach an der Homeopathie ugewend.
Trotzdeem kann een op feinstofflecher Ebene mat hier schaffen, zB andeems een sech mat hier verbënnt. Sie steet fir nei Energie, begleet d’Trauregkeet an der Trauer. Ales kann lassgelooss ginn an et gëtt Platz fir Neies gemaach.
An der Alpengéigend ass schonn ëmmer mat hier geräuchert ginn – fir an e Rauschzoustand ze kommen an „Hexewessen“ ze kréien oder och a Kontakt mat de Naturwiesen ze kommen. Sou dierf een sech och net wonneren, dass et Kraidermëschungen gi, déi Buschwindröschen enthalen, mee opgepasst an der fräier Natur steet se op ville Platzen ënner Naturschutz.
Yorumlar