top of page

Bärbelendag an déi al Gëttin Borbeth

Dass de 4. Dezember Bärbelendag ass wëssen nach déi meescht Minetter, wou op ville Platzen d'hellegt Barbara, och nach hellegt Bäerbel oder Boarbel, mat Prozessiounszich a Geknupps gefeiert gëtt.


Historesch gesi weess een iwwert d'Barbara ganz wéineg. Alles wat iwwert d'Barbara gezielt gett sinn Legenden.


D'Barbara vun Nikomedien (dem häutegen Izmir an der Tierkei) ass bis haut eng vun de beléiftste chrëschtlechen Hellegen. De chrëschtlechen Iwwerliwwerungen no, war si eng Märtyrerin aus dem 3. Joerhonnert. Si war eng jongfralech Schéinheet aus heedneschem Haus an hat e flénke Verstand a grousst Wëssen. Kee wonner dass all Jonggesell em si geworben huet, mee si wollt näischt dovunner wëssen an huet all Eenzelen ofblëtze gelooss.


Heemlech huet si sech mat enger Grupp gedeefte Chrëschte getraff an sech fir hire Glawen interesséiert a wou hire heednesche Papp dat gewuer ginn ass, huet en si an en Tuerm gespaart. Et gi vill verschidde Barbara-Legenden iwwert de Märtyrer-Doud vun der Jongfra. All besoen se dass si vun hirem Papp eegenhänneg ëmbruecht gouf, well si sech geweigert huet sech dem Chrëschtentum ze entzéien.


Säit dem 8. Joerhonnert ass nozeweisen, dass si als Helleg verehrt ginn ass, mat engem staarken Héichpunkt am Mëttelalter. Si gëllt bis haut als d'Schutzpatréinerin vun de Biergaarbechter an der Artillerie.


Ween bereet ass, doriwwer eraus ze kucken, wat de Chrëschtentum iwwert Fraefigure schreift oder zielt, erënnert sech dass all weiblech kathoulesch Hellegefigur op eng al heednesch Gëttin zréckzeféieren oder als Representatioun vun der grousser Urmamm ugesinn ka ginn.


Do ass d'Barbara natierlech keng Ausnam. Wann een e bëssen iwwert si sicht, fënnt ee séier eraus dass si engem Jongfra Trio ugehéiert, deier sech 2 weider helleg Jongfrae Margarethe a Katharina ugesellen. Et muss een allerdéngs net wäit nosiche fir erauszefannen, dass dësen Trio scho virun dem Chrëschtentum bekannt war, deemools als "di dräi Bethen": Wilbeth, Ambeth und Borbeth.


Déi dräi Bethen stamen aus dem keltesch-alpenländeschem Raum a sinn eng typesch Representatioun vun der 3 fälteger Gëttin. Dass d'Gëttinne oft an der Zuel 3 fierkennt, hunn ech schonn oft erläutert. All Representatioun ass op déi grouss Ur-Gëttin zréckzeféieren, déi sech an 3 Gestallten weist: déi wäiss Jongfra, déi rout geschlechtsräif Fra an déi al schwaarz Greise. Déi grouss Gëttin ass eng Representatioun vun den éiwegen Zykle vun der Natur, vun der naiver Jongfra, zur nährender Mamm bis zur aler Fra, déi d'Wäisheet vum Liewen huet. Si féiert eis duerch all d'Zyklen, déi vun de Joreszäiten, vum Dag a vum Mound. D'Triade vun de Bethen gëtt ënnert anerem als Representatioun vun der Äerd-. Mound- a Sonnemamm erëmfonnt.


D'Bethen sinn als Grupp vu Fraen duerch d'Land gezunn an hunn d'Mënschen ënnerstëtzt an deem se hinne Rot ginn hunn. Si hunn Gaben verschenkt wéi Botter, Mëllech a Brout an d'Mënschen hunn sech un se gewend fir iwwert d'Schicksal ze schwätzen. Si hunn hire Rot gebraucht bei Theme wei Fruchtbarkeet (bei Mënsch, Déier a Land). Si hunn un hire Schutz gegleeft bei Gebuert, Krankheet an Doud an hunn se em Schutz an der Aarbecht op de Felder gebiet.


De Numm Borbeth, dee spéider vun d'Chrëschte mat Barbara iwwersat gouf, staamt zur éischter Hallschent warscheinlech aus dem keltesche Stammwuert borm. Dëst ass de Wuertstamm fir waarm. Och dëst erënnert un déi keltesch Wantergëttinen, déi alleguerten déif mat der Luucht verbonne sinn. An der keelster a däischterster Zäit vum Joer hunn d'Wantergëttinen Trouscht an Hoffnung bruecht an erënneren domat un ee vun den Aspekter vun der waarmhäerzeger Urmamm déi seng Kanner gären huet. Dëst ass alles op déi kommend Wantersonnewend zréckzeféieren an erënnert dorunner, dass an der déifster Däischtert, am déifsten Schouss vun der grousser Mamm, d'Luucht am gaangen ass méi grouss ze gi fir no der längster Nuecht vum Joer rëm nei gebuer ze ginn.


Déi dräi Bethen begleeden eis duerch déi kommend Wochen, speziell och an de Rauhnuechten. Dëst ass och d'Zäit vun der Gëttin Percht, dat ass warscheinlech de Grond wisou d'Bethen och mol "Perchten" genannt ginn. Dëst ass natierlech alles verbonne mat all aner Gestalt vun der Gëttin wéi d'Frau Holle, déi 3 Nornen, fir nëmmen déi ze nennen. Wéi de Schluss vun de Rauhnuechten, sou sech d'Gëttin an hirer Dräifaltegkeet weist mam Dräikinneksdag iwwersat ginn ass, doriwwer hat ech schonn an engem Post geschriwwen: noliesen.


Et gëtt e schéine Brauch fir sech op dësem Dag mat aler Gëttin Borbeth ze verbannen. Dofir gëtt en Zweig vun engem Kiischtebam geschnidden an an d'Waasser gestallt. Wann dësen bis zum Ufank vun de Rauhnuechten blitt, heescht dat besonnesch vill Gléck am neie Joer. Alternativ kann dëst mat engem Zweig vun engem aaneren Uebstbam gemaach ginn. Wichteg ass, d'Waasser reegelméisseg ze wiesselen an d'Vase net bei eng Heizung ze stellen.









DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page