top of page

Wéi den Enn vun de Raunuechten mam Dräikinneksdag iwwersat ginn ass


D’Nuecht vum 5. Op den 6. Januar markéiert den Enn vun de Raunuechten. Desen leschten Dag gëllt ganz der Frau Holle.


Si ass, als Symbol vun der grousser Urmamm, d’Schutzpatrounin vun de Raunuechten an och ganz besonnesch fir d’Séilen vun vill ze fréi verstuerwene Kanner, souwéi onschëllegen Déieren, wou si mat an d’Ënnerwelt begleet.


Jeh no der Platz gouf op dësem Dag d’Percht oder einfach d’Urgëttin als Representatioun vun der Mamm Äerd gefeiert.


An den Alpengéigenden tauchen déi 3 Bethen op, des sinn Mammen- a Schicksalsgëttinen.




Nom alen Glawen huet souguer d’Urgëttin de Wandel vum Joreskrees mat duerchgemaach.


Ech sinn a mengem Text iwwert Mōdraniht dorop agaangen, si huet 3 Gestalten :

  • déi wäiss Gëttin, déi sech am Fréijoer weist. Si ass eng jonk naiv Fra a steet fir d’Onschold ;

  • déi rout Gëttin, déi sech am Summer weist. Si ass am mëttleren Alter a steet fir d’Leidenschaft, Fruchtbarkeet an d’Liewen am Iwwerfloss ;

  • déi schwaarz Gëttin, déi sech am Wanter weist. Si ass am héischen Alter a steet fir d’Wäisheet.


Mam Enn vun de Raunuechten geet dësen Zyklus op en Enn. Laut alem Glawen ass all Enn gläichzäiteg en Ufank, wat heescht, dass domat och nees e neien Zyklus ufänkt. Mat dësem Neiufank, den 6. Januar, weist sech d’Urgëttin an hirer dräifacher Gestalt: déi wäiss Jongfra, déi rout fruchtbar Fra an di schwaarz al weise Fra. Dëst war den eenzegen Dag am Joer wou een d’Gëttin an hiren 3 Gestalten gläichzäiteg konnt gesinn an dat ass sou geéiert ginn.





D’Zuel 3 , sou wéi d’Faarwen wäiss, rout a schwaarz sinn sou zimmlech alles wat vun dësen alen Symboler haut nach erhale bliwwen ass.


Natierlech konnten déi patriarchal Institutiounen et net erlaben, dass d’Weiblechkeet des Platz géif erhalen an sou wéi schons bei Mōdraniht d’Urgëttin hier Wichtegkeet ewechgeholl krut, sinn déi 3 Gëttinne mat 3 Kinneken ersat ginn.


Et deet mer Leed, wann ech op dëser Platz scho bal e schlecht Gewëssen kréien, mech ëmmer rëm an deem Punkt ze widderhuelen, dass d’Weiblechkeet einfach plattgedréckt ginn ass. Fakt ass net, dass ech et einfach ëmmer rëm well widderhuelen, Fakt ass nu mol – tragescherweis – dass dat ëmmer rëm bei der Christianiséierung geschitt ass.



Déi meescht Leit kennen haut den 6. Januar als Dräikinneksdag, den Dag vun den „hellegen 3 Kinneken“ aus der biblescher Chrëschtdagsgeschicht, déi dem helle Stär bis zum Stall, wou Jesus gebuer gi war, nogaange sinn.


Symbolesch steet fir d’Chrëschten dest Fest fir d’Erscheinung vun Gott an der Welt. Bis dato war d’Gebuert Jesus onentdeckt bliwwen, dat huet sech dann mat der Entdeckung vun den 3 Kinneken geännert. Dësen Dag gëtt och Epiphanie genannt, dëst ass ofgeleet vum griicheschen Wuert "epiphaneia" fir Erscheinung.


Op verschidde Platzen sou wéi zB. a Spuenien an a puer Länner aus Latäinamerika gëtt och vun den 3 Magier geschwat. Och hunn ech scho gelies dass de Kinnek Melchior, deen d’Gold bruecht huet, en Alchimist war.


De Dräikinnekskuch fënnt säin Ursprong an der Antiquitéit. Am ale Roum sinn d’Saturnalien zu Éieren vum Gott Saturn mat Volleksfester em d’Wantersonnewend gefeiert ginn. Bei dëse Fester sinn Kuchen gebak ginn, di eng Form vun der Sonn haten, dëst fir der Widergebuert vun der Sonn un der Wantersonnewend ze éieren. An des Kuchen ass eng gedreschten Boun verstoppt ginn.

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page