top of page

Déi Kraider déi an denger Ëmgéigend wuessen, si grad déi, déis de brauchs…

Déi meescht Wëllkraider sinn am Virgäertchen net gär gesinn a gi wuel séier zum Onkraut deklaréiert an erausgerappt. Dëse Numm gëtt hinnen leider guer net gerecht, well des Wëllkraider sinn immens wichteg fir Insekten an Déieren. An och mir Mënschen kenne ganz vill dovunner profitéieren, well ganz vill vun dësen hunn heelsam Kräften a stieche voller Vitaminen a Mineraler – vill méi wéi am geziichtene Geméis. Eis Virfahren wossten genee wéi se d’Wëllkraider an der Kichen souwéi an hirer Hausapdikt notzen konnten.


Wou ech déi éischte Kéier gelies hunn, dass et sech lount d’Wëllkraider aus sengem Gaart an noer Ëmgéigend bësse méi genee ënnert d’Lupp ze huelen, war ech zimmlech fierwelzeg. Ech hu leider keen grousse Gaart, mee eleng mäi klenge Virgäertchen a meng Jardinièren op der Terrasse hu mer puer Iwwerraschungen geliwwert. Wann een dann bis erausfonnt huet wéi eng Kraider do genee wuessen, ass et schéin nozeliesen, fir wéi eng Zwecker des kennen agesat gi, well do soll et ëmmer en Zesummenhang ginn, mat de Leit déi am Haus wunnen. Ech kéint jidderengem just uroden, dee klengen Exercice ze maachen… bei mir war sou d’Vogelmiere, d’Pissblum, den Ehrenpreis, den Hirtentäschchen an souguer den Hielänner extrem present (wéi eng Kräften di eenzel Kraider géif lo hei de Kader spréngen...). Fakt ass, wou ech mech mat hiren Wierkungsberäicher auserneen gesat hunn war ech zimmlech erstaunt, wéi passend déi Kraider hire Wee bei mech fonnt haten.


Dëst bezitt sech allerdéngs net just op den eegene Gaart, mee kann allgemeng gesi ginn… dh. alles wat an direkter Ëmgéigend wiisst ass e Cadeau vun der Natur an ass genee dat, wat ee grad braucht. Dat geet e bëssen géint déi aktuell Astellung aus eiser Gesellschaft, wou déi exoteschst Mëttelen aus frieme Länner an gëllene Tiitecher kaaft gi wärend eis heelsam Wëllkraider mat Roundup vollgesprëtzt ginn…


Dobäi ass et wichteg, dass mir Mënschen, eis erënneren, wéi eng Schätz mir virun eiser Dier fannen. Dass mer eis erënneren, wisou des Kraider eis begleeden a wat een domat alles kann ufänken. Wat seet et soss iwwert eis aus, wa mir eisen eegene Schätz net méi kennen, di Wäertschätzung gi, déi se verdéngt hunn?





DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

​

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

​

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.​

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

​

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

​

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

​

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page