top of page

D’Summersonnewend, Mittsommer, Litha


D’Summersonnewend, den 21. Juni, ass e besonneschen Dag op 3 Ebenen: e markéiert en Héichpunkt, en Enn an en Neiufank.


D’Sonn erreecht hiren Héichpunkt an der Intensitéit sou wéi och de Maximum vu Stonnen (op dësem Dag ass de längsten Dag vum Joer an déi kierzten Nuecht). Zu dësem Zäitpunkt gëtt op der Südhallefkugel d’Wantersonnewend gefeiert. Nodeem Ament steet d’Rat op béiden Hallefkugelen stëll a wann et rëm ufänkt mat dréinen wiesselt d’Energie tëschen den zwou Hallschenten: mir fänken dann un, Sonneminutten ze verléieren, wären op der südlecher Hallschent d’Gebuert vun der Luucht gefeiert gëtt an si Sonneluucht zréckkréien. Dat ass een vun deenen éiwegen Zyklen vun eisem Planéit.


Dësen Dag markéiert och en Enn – an éischter Hinsicht mol d'Enn vum Fréijoer, de Summer geet lo offiziell am Kalenner un. Bis haut zielt dësen Datum och als Enn vun der Spargel- a Rubbarbszäit, 2 Symboler vum Fréijoer. Et ass awer och den Ofschloss vun der éischter Joreshallschent. De perfekte Moment fir kuerz stall ze halen, Bilan ze zéien an ze kucken wat ee mam neien Zyklus a soumat och mam Recht vum Joer well ufänken. D’Energien ënnerstëtzen eis dobäi - sou wéi no der Wantersonnewend d’Energien vun de Rauhnuechten. Et ass eng Schwellenzäit, dh. et ass rëm eng vun deenen Zäiten am Joer wou den Schleier tëschent der materieller an der geeschtlecher Welt ganz dënn ass. Et geléngt engem dann zimmlech einfach fir mam Feinstoflechem a Kontakt ze kommen, sech ze besënnen, Impulser ze kréien an Orakelen ze zéien. Och wann et net sou populär ass wéi am Wanter, kann och am Juni des Zäitqualitéit genotzt ginn fir Saachen ze klären, ofzeschéissen, ze transforméieren an sech op dat wat kennt, ze preparéieren, rsp. seng Affirmatiounen ze setzen.


Den Chrëschtdag vun der Südhallefkuggel fënnt säi Pendant mam Johannistag deen den 24. Juni gefeiert gëtt. Sou wéi Yul, déi Zäit ab der Wantersonnewend, wou elo am keltesche Joreskrees genee géigeniwwer steet, ass déi Zäit vun der Summersonnewend bei eisen Anen ganz grouss gefeiert ginn.


D’Gëttin, déi sech wärend de Fréijoersfester Ostara a Beltane nach an der Gestalt vun der jongfralecher, wäisser Gëttin representéiert gouf, ass mëttlerweil an hirer zweeter Gestallt erëmzefannen: si ass elo di rout Gëttin, a steet fir den Iwwerfloss an allen Hinsichten. Nodeems si op Beltane mam hellege Männlechen Hochzäit gefeiert huet, ass si elo héichschwanger.


Wéi ëmmer, ass dat en Ebenbild vun deem wou grad an der Natur geschitt: Sou wéi d’Sonn, huet och d’Natur den Maximum vun hirer Kraaft erreecht. Eis Äerd, als Bild vun der Urgëttin ass héichschwanger mat Friichten a Kraider. Alles wat am Fréijoer geséit ginn ass wiisst elo prächteg, alles blitt, d’Kraider kenne gesammelt ginn an d’Aussiichten op eng räich Ernte loossen sech erwaarden.


Och wann an eise Géigenden deen Dag haut net méi grouss gefeiert gëtt, war et fir eis Virfahren dat gréisste Fest vum Joer. Dat ass bis haut a Skandinavien nach de Fall (Mittsommer).


Bei de Germanen war dëst Fest dem Sonnegott Baldur a senger Mamm Frigg geweit. Nët onwichteg ass ze soen, dass de Sonnegott op dësem Fest ëmbruet gëtt, bildlech gesinn fir d’Sonn déi ab elo ofhellt an réischt op Yul neigebuer gëtt.


Bei de Kelten ass dëst Freed- an Dankbarkeetsfest Fest Alban Helvin genannt ginn an ass ganzer 12 Nuechte laang gefeiert ginn. Schliisslech bitt d’Natur engem lo alles am Iwwerfloss an et sinn genuch Perioden am Joër, wou spuersam mat de Ratiounen gefuer muss ginn. Et kann een dovunner ausgoen, dass sech em déi Zäit och d’Clanen versammelt hunn an do ausgibeg zesumme gefeiert ginn ass bis jiddereen rem Heem huet missen. Elo war de Moment fir ze feieren an sech eng Auszäit ze gënnen, schliisslech géif geschwënn nees all fräi Minutte gebraucht ginn, wann d’Zäit vun der Ernte kennt an alles verschafft an erageholl muss ginn, fir d’Wantervorräte ze preparéieren.


D’Fraen hunn fläisseg Kraider gesammelt, déi duerch déi vill Sonnestonnen elo hier gréissten Kraaft hunn. Haut géife mir soen, dass duerch d’Sonn d’Kraider de Maximum un äthereschen Ueleger entwéckelt huet, eis Virfahren hunn dofir gesot, dass d’Kraider em des Zäit magesch waren. D’Fraen hu staarke Béier gebraut an d’Kraider do derbäi ginn, déi dem Béier eng berauschend an euphoriséierend Wierkung zougefüügt hunn. Och Blummekränz si gemaach ginn mat deenen d’Fraen sech beschmückt hunn.


Wéi scho beim Fréijoersfest Beltane, waren dëst Fester wëll an extatesch. Et war waarm, d’Leit waren plakeg an hunn sech bemoolt, de Béier huet de Recht gemaach. Et ass vill giess, gedronk, gelaacht a gedanzt ginn. Et war e Fest vun der absolutter Freed an Dankbarkeet. Grouss Feieren hunn rem, sou wéi bei Beltane, eng wichteg Roll gespillt. Et ass net nëmmen em d’Feier gedanzt ginn, d’Leit sinn iwwert d’Feier gesprongen, oft sinn d’Koppelen zesummen iwwert d’Feier gesprongen, an d’Kanner sinn iwwert d’Feieren geheit ginn. Dat sollt net nëmmen fir Rengegung, mee och fir Gléck a Gesondheet gesuergt hunn. Och déi gesammelt Kraider si kuerz iwwert d’Feier gehale ginn fir se ze séinen. Op hir Kraaft ass nach méi wéi eemol am Wanter zréckgegraff ginn.


D’Haiser sinn mat all méigleche Kraider dekoréiert ginn.


Well d’Leit awer schonn deemools dovunner wossten, dass déi Zäit besonnesch gëeegent wär fir mat der geeschtlecher Welt a Kontakt ze kommen, sinn déi Deeg och vill Ritualer ofgehale ginn. D’Leit hunn sech virun negativen Ugrëff geschützt mat Rimmer aus Bäifouss. Dësen ass och gereechert a gefëmmt ginn. Aner Kraider waren op dësen Deeg och ganz wichteg wéi zum Beispill d’Johanniskraut, wou bis haut mam vun der Kierch instauréierten Johannisfest a Verbindung steet.


Deen haut fir des Fester oft gebrauchtene Begrëff Litha, koum warscheinlech réischt an de 70er Joren duerch d’Wicca Beweegung op.



Wéi kann ech d‘Energie vun der Summersonnewend fir mech notzen?


Och wien net wëlles huet mat engem Blummekranz em d’Feier ze danzen oder säi Kand iwwert d’Flamen ze geheien, kann trotzdeem vun der Energie vun dëser Joreszäit profitéieren.


Et kann een déi Zäit notzen fir kuerz em sech ze kucken an déi ganzen Iwwerfloss ze bewonneren, déi d’Natur eis schenkt. Mir haten scho vill sonneg Deeg dëst Joer an ech weess et sinn der vill déi sech grad drun erfreet hunn wéi ech. Genee an dëser Zäitqualitéit ass et ganz wonnerbar fir d’Sonn ze genéissen an sech un hier ze erfreeë a wisou net, bei hier ze bedanken. Der Natur hier Schéinheet bewonneren a Kraaft sammelen geet ëmmer, mee ass bei deenen Deeg besonnesch magesch.


Et ass e gudde Moment fir e klenge Bilan ze zeien vun der éischter Joreshallschent: wat ass gutt gelaf a wat net sou gutt. Wéi eng Kären wou ech am Fréijoer geséit hunn, hunn hier Friichten gedroen a wéi eng net? Woufir sinn ech dankbar? Wat kann ech an der 2. Joreshallschent besser maachen oder faale loossen? Wou waren meng Erausfuerderungen a wat hunn ech draus geléiert? Dat kann ee wonnerbar mat engem klenge Ritual maachen wou een sech e Feier oder gegebenfalls eng Käerz umécht an doriwwer reflektéiert.


Dann kann een sech an déi 2. Joreshallschent projezéieren a seng Wënsch an Intentioun festleeë. Wou fléisst meng Energie hin, wéi eng Pläng well ech ëmsetzen? Wat well ech aus der 1. Joreshallschent net mat an déi 2. Periode eriwwerhuelen? Wat dierf ech transforméieren fir nach besser an des nei Periode ze kommen? Et kann och hëllefen sech seng Intentioun fir di kommend Zäit opzeschreiwen, déi kann een dann am Laf vun de kommende Méint ëmmer rëm liesen an sech aprägen fir se dann op der Wantersonnewend, wann den Zyklus op en Enn geet, rëm erauszekropen. Wéi gesot kennen och d'Orakelen een dobäi ënnerstëtzen, wann een sech dovun ugezunn spiert.


Fir d’Kraiderfraen (a Männer) ass des Zäit d’Héichzäit vum Kraidersammelen. Net nëmmen fënnt een lo ganz vill Kraider, vill dovunner (zemools d’Sonnekraider) enthalen di staark Potenz vun der Sonn. Ech perséinlech profitéieren och ëmmer vun dëser Zäit fir meng Sonnekraider, déi ech dann zur Ënnerstëtzung an der donkeler Joreszäit reecheren ze sammelen. Dat huet en duebelen Aspekt, net nëmmen si se lo ultra staark, mee och erënneren ech mech am Wanter wann ech se eraushuelen, un déi schéin Summerdeeg déi ech an der Natur verbruet hunn.


Et muss een keng Kraider sammelen fir Zäit an der Natur ze verbréngen, fir déi aner ass et vläicht e Spadséiergang, en Tuer mam Vëlo oder eng Mëttesrascht ënnert dem Lieblingsbam…


Wéi ech et ëmmer rëm betounen, soll jiddereen mat sengem Bauchgefill ofklären, wat sech fir ee selwer am Beschten uspiert a wéi een op seng ganz perséinlech Aart a Weis di Energie fir sech ka feieren.


Ech wënschen jidderengem bei deem wat e mécht, e gudde Rutsch an déi zweet Hallschent vum Joer.


Freedvoll Gréiss,

Cynthia





DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page