top of page

Déi 12 magesch Raunuechten

Déi 12 Raunuechten stamen aus der keltescher an germanescher Traditioun a gëllen zanter deem als di helleg a magesch Zäit vum Joer.


Hautdesdaags fänkt des Zäit fir déi meescht Leit an der Nuecht vum 24. op den 25. Dezember un (déi 1. Raunuecht geet also vum 25.12 um 0.00 Auer bis Owes 23.59) an endegt an der Nuecht vum 5. op den 6. Januar um Mëtternuecht. Allerdéngs deiten d‘Iwwerliwwerungen dorop dass d’Raunuechten an der Zäit virum Chrëschtentum mat der Wantersonnewend ugefaangen hunn. Well duerch d’Christianiséierung an d’Aféieren vu Chrëschtdag d’Festivitéiten vum 21. op den 24. verluet gi sinn, mécht et och Sënn dass sech an dëser Iwwerdroung d’Raunuechten verschiibt hunn. Op dir lo op der Wantersonnewend oder op Chrëschtdag domat wëllt ufänken ass eigentlech egal. Des magesch Energie entsteet egal wéi an dësem Zäitraum a riicht sech net no festen Deeg.



Ursprong


Iwwert den Ursprong vun dëse Nuechten ginn et haut méi Vermuddungen wéi Beweiser. Sou wéi de Gros vun den alen Traditiounen, sinn des all mëndlech iwwerdroen ginn. Déi meescht heednesch Fester an Bräich si réischt vun der Kierch dokumentéiert ginn, wou des bei der Christianiséierung d’Heeden beobacht hunn an hier Feststellungen néiergeschriwwen hunn. Dat mécht et haut onméiglech eng naturgetrei Erklärung aus éischter Hand ze hunn, op déi een sech fest behaapten kéint. Déi éischt Erwänungen iwwert d‘Rauhnuechten fënnt een réischt am 16. Joerhonnert.


Sou liest een, dass den Ursprong ural heednesch Feierdeeg sinn, déi tëscht dem 25.12. an dem 6.01. gefeiert gi sinn am Zesummenhang mat der Wantersonnenwende Modraniht a spéider Yul.


D’Unzuel vun de Nuechten wär op d‘Aféirung vum julianesche Kalenner zréckzeféieren. Am Joer 45 v.C., wärend der Herrschaft vum Julius Caesar, ass de réimesche Kalenner, deen mam Laf vum Mound gaangen ass, mam julianesche Kalenner, dee mam Laf vun der Sonn gaangen ass, ersat ginn. De julianesche Kalenner ass de Virleefer vum gregorianesche Kalenner, dee mir an eise Géigenden bis haut notzen.


De Sonnekalenner zielt 365 Deeg an e Véierels, wat all 4 Joer mat engem Schaltjoer ausgeglach gëtt. De Moundkalenner zielt allerdéngs nëmmen 354 Deeg. Wou dëse Wiessel stattfonnt huet, sinn also 11 Deeg an 12 Nuechten iwwreg bliwwen, dat sinn déi Nuechten déi mir haut als Raunuechten zielen. An deem Sënn gëtt och vun der Zäit tëscht de Joren geschwat.



Ursprong vum Numm


Iwwert den Ursprong vum Numm, souwéi de Numm selwer ginn et verschidden Interpretatiounen. Et fënnt een d’Wuert Raunuecht am däitschen mol mat mol ouni „h“.


Déi wou op den "h" verzichten behaapten de Numm wär vum mëttelhéichdäitschen rûch ofgeleet, wat souvill heescht wéi horeg/wëll. Am deem Kontext schwätzt een och vun de wëllen oder rauen Nuechten. Dat ass dorop zréckzeféieren, dass an dësen Nuechten staark behoerten, wëll, dämonesch Wiesen fir Onrou gesuergt hunn.


Déi wou sech op den "h" behaapten soen d‘Wuert wier vun Rauchnacht ofgeleet, well an dësen Deeg zanter ëmmer dat ganzt Haus an den ganzen Haff oofgeréichert gi sinn. Dëst ass ee vun de ville Bräich ronderëm des besonnesch Zäit.



Geschichten ronderëm d'Raunuechten


Et ginn ganz vill Schauergeschichten ronderëm d’Raunuechten. Dëst ass warscheinlech dorop zréckzeféieren dass d’Mënschen em des Zäit vum Joer manner ze dinn haten. Dir erënnert iech, si waren gréisstendeels Baueren a konnten an dëser kaler Joreszäit net vill schaffen. Desweideren waren d’Deeg kuerz an wéi konnt een sech da besser déi laang Owender verdreiwen, wéi zesummen beim Feier setzen a sech Geschichten erzielen.


Och wann de Gros vun dëse Geschichten eis haut als grujeleg erschéngen, ass et wichteg am Kapp ze behalen, dass zu deenen Zäiten ëmmer eng Dualitéit an de Geschichten war, dh. et ass net tëschent „schlecht“ a „gutt“ gewäert ginn, sou wéi dat haut de Fall ass. Meeschtens haten all d’Charakteren an de Geschichten Liicht- a Schattensäiten, wat menger Meenung no vill méi der Realitéit entprecht, wéi dat wat mir haut sou gewinnt sinn ze héieren a liesen.


Am Bekanntsten sinn all d’Geschichten em di wëll Juegd.


Doduerch dass d’Schleieren sou dënn sinn, ass eng wëll Trupp vun Kämpfer bestehend aus Gëtter, Geeschter an Dämonen, op d’Welt komm fir do hiert Onwiesen ze dreiwen an d’Mënschen an Angscht a Schreck ze versetzen. Se sinn begleet ginn vu schlechtem Wieder, Krankheeten an Ongléck.


Dës Arméi gett vum Odin (och bekannt als Wodan), de germaneschen Götterpapp, Gott vum Krich a vum Doud, ugegefouert. Hee kann tëschent d’Welten reesen an ass domat déi eelsten Representatioun vum Schaman. Aner Nuechten ass et seng Fra Frigg, wou d’Trupp uféiert oder op senger Säit steet. D’Frigg ass déi aflossräichsten Gëttin an der nordescher Mythologie an ass als grouss Mamm och e Symbol vun der Urmamm. Dat selwecht gëllt och fir d’Frau Holle, déi mam Heer duerch Nuechten gepeitscht ass oder an der Alperegioun gëtt och vun der Percht (Berchta, Berscht) geschwat. Et geet een haut dovunner aus, dass Frau Holle, d’Percht a Frigg eng an déi selwecht Persoun duerstellen. Wou d’Christianiséierung et net méi erlaabt huet, déi germanesch Gëtter onbestrooft mam Numm ze nennen, ass si also an Frau Holle an Percht ëmbenannt ginn.


Des Truppen haten all eng Saach gemeinsam: si hunn op hire wëlle Juegdnuechten d’Séilen mat sech gerappt an mat an d’Ënnerwelt geholl. Sou hunn si och d’Séilen vun verstuerwene Mënschen an Déieren déi nach op der Äerd verweilt hunn, matgeholl. Ween hinne begéint ass, hat besser fortzelafen oder sech ze verstoppen, respektiv néierknéien an se ubieden, dass se een net mathuelen géifen. Aus deem Grond sollten Kanner a Fraen bei Däischterheet am beschten ganz Doheem bleiwen.


D’Mënschen hunn déi wëll Juegd gefaart an hunn aus Schutz hiren ganzen Haff an Haus mat rengegenden a schützende Kraider gereechert. D’Frau Holle ass dofir bekannt, dass si gerecht ass an di fläisseg Leit belount wärend déi faul bestrooft ginn. Sou war et wichteg, dass ee virun de Raunuechten bei sech doheem fir Propperheet an Uerdnung gesuergt huet. Si ass d’Schutzpatrounin vun de Raunuechten an ass ganz besuergt em d’Séilen vun vill ze fréi verstuerwene Kanner, souwéi onschëllegen Déieren, wou si mat an d’Ënnerwelt begleet. Sie léisst sech och gären beschenken, sief et mat engem Stéck Kuch oder Brout. Sou war et Usus och desen Monstergestalten Opfergaben hinzestellen fir se ze berouegen an gutt ze stemmen. Eng weider positiv Nout fir d’Baueren war, dass déi fläisseg domat belount gi sinn dass d’Truppen hier Felder mat hiren Päerd geplout hunn. Ween awer faul war am vergaangene Joer huet sech net dierfen wonneren wann säi Feld komplett zerstéiert ginn ass.


Bräich ronderëm d’Raunuechten


Et si bereets bei de Germanen ganz vill Bräich ronderëm des helleg Nuechten ginn. Allgemeng ass dovunner profitéiert ginn, dass d’Schleieren sou dënn waren fir mat den aneren Welten ze kommunizéieren. Sou konnt ee ganz einfach mat den Anen a Geeschter a Kontakt kommen. Seherinnen hunn dovunner profitéiert fir duerch des Kommunikatioun souwéi duerch Orakelen an d’Zukunft ze kucken.


Wéi schonn ugeschwat war d’Räucherung en festen Programm fir d’Raunuechten. Domat ass net nëmmen dat ganzt Haus, mee och de ganzen Haff gerengegt a geschützt ginn.


An dësen Zäiten war all Form vun Aarbecht oder Glécksspill streng verbueden. Wann een der Frau Holle gerecht wollt ginn hat een sech gutt virgeschafft an am viraus alles gebotzt a geraumt. Ab de Raunuechten stoung alles stëll. Dëst ass wuel dorop zréckzeféieren, dass dat ganzt Joresrad no der Wantersonnewend stëll steet. Dofir stoung och symbolesch d’Spannrad stëll. Et war eng Zäit vun der absolutter Rou, vum Stëllstand, der Introspektioun. Ween net gefollegt huet ass mat Krankheet oder souguer mam Doud bestrooft ginn.



An haut?


Ech fannen et wonnerschéin, dass no der Christianiséierung nach souvill iwwert d’Raunuechten erhale bliwwen ass. Natierlech huet sech déi Zäit duerch de Kapitalismus verännert (wee kann sech et haut nach leeschten 12 Deeg Introspektioun ze haalen an einfach guer näischt ze schaffen?) a villes ass bestëmmt och wéi ëmmer verluer gaangen. Et fënnt een awer – zemol am däitschsproochegen Raum – souvill Bicher, Orakelkaarten a Begleedermaterial zu de Raunuechten an ech hunn op mannst a mengem Ëmfeld dat Gefill, dass et ëmmer méi populär gëtt.


Wichteg ass et ëmmer menger Meenung no eng zäitgeméiss Praxis ze hunn. Et bréngt engem näischt sech un strikt Ritualer ze halen, wou perfekt an déi Zäit gepasst hunn an awer haut kee Sënn méi erginn.


Wéi mir des Zäitqualitéit fir eis kennen notzen a wéi eng Bräich een zäitgeméiss fir sech ausüben kann, schreiwen ech a mengem nächsten Post.


Cynthia




Mots-clés :

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page